D'Leit liewen ëmmer méi laang a gläichzäiteg gi chronesch Erkrankungen a Fleegebedierftegkeet ëmmer méi heefeg. Eng Aart a Weis fir déi limitéiert Ressourcen am Gesondheetssystem besser ze notze kéint sinn, dofir ze Suergen, dass d’Bevëlkerung net nëmme méi laang lieft, mä och gesond bleift.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Dir kennt vläicht dat däitscht Spréchwuert: «Vorbeugung ist die beste Medizin», an do kennt d’Präventioun an d’Spill, déi Krankheeten an hiert Fortschreiden verhënneren, oder se fréierkennen soll. De Begrëff «Präventioun» gëtt net ëmmer richteg verstanen. An de Walprogrammer war bspw. vun «Gesondheetspräventioun» riets. Soll domadder Gesondheet verhënnert ginn? Ech denken net.

Ne mä Spaass bei Säit, och de Koalitiounsprogramm thematiséiert d’Präventioun. Konkret soll d’Präventioun den nämmlechte Stand kréien ewéi d’ «médecine curative» . Och well d’Regierung eng national Preventiounsstrategie ausschaffen. Usätz déi ech als Gesondheetsberuffler a Fuerscherin nëmme begréissen.

Gesondheet gëtt allerdéngs net eleng duerch dat individuellt Verhalen an d’Gesondheetsversuergung wéi IRMen bestëmmt. Och soziologesch, Bildungs, fleegeresch oder psychologesch Facteure souwéi d’Ëmwelt, Stied an d’Verkéiersplanung spillen eng wichteg Roll. An der neier Preventiounsstrategie mussen d’Aktiounen dohier op besser Liewens- an Aarbechtsverhältnisser setzen amplaz op d’Verhale vum eenzele Mënsch eleng. Et ass nämlech wëssenschaftlech geséchert, dass klassesch Preventiounsprogrammer, déi d’Verhale vun de BiergerInnen ännere wëllen, wéineg wierksam sinn, well se de sozialen Ënnerscheeder net gerecht ginn: Déi wou un de Preventiounsprogrammer deelhuelen, brauchen dës am allermannsten.

Onbedéngt verhënnert gi muss och d’Schafung vu weidere kommerzielle Fehlureizer, déi zu enger Iwwer- an Ënnerversuergung féieren. D.h., wärend sech em déi lukrativ Beräicher wéi bspw. d’Imaginerie gestridde gëtt, ginn Déi ënnerversuergt, déi d’Behandlung am meeschte bräichten.

Ëffentlech Gesondheet brauch zudeem eng politesch Onofhängegkeet. Nëmmen esou ka séchergestallt ginn, dass sech déi politesch onbequeem, an inhaltlech richtege Firschléih géigeniwwer de politesch opportunen, mä wëssenschaftlech ëmstridde Moossnamen duerchsetzen. Och bedeit méi medezinesch Versuergung net ëmmer eng besser medezinesch Versuergung. Eng Iwwerversuergung kann nämlech méi schuede wéi notzen.

Dëst war schonn 2017 Thema an der Serie «Right Care» vun der renomméierter Medezinescher Zäitschrëft Lancet. Och d’Schwäizer Akademie vun de medezinesche Wëssenschaften huet scho virun 10 Joer an hirem Positiounspabeier vun enger Iwermedikaliséierung gewarnt. Mee et deet sech eppes. D’Choosing wisely Inititativ gouf z.B. kreéiert fir Diskussiounen iwwer onnéideg Tester, Behandlungen an Prozeduren ze stimuléieren. Och encouragéieren si Berufsassociatiounen fir eng Lescht vu Recommandatiounen ze erstellen, déi vu Praktiken ofroden, déi an hirem Fachgebitt heefeg onnéideg duerchgefouert ginn, wou d’Fuerschungsresultater kee klore Virdeel weisen.

Wéi wier et, wa Lëtzebuerg, sech der Initiative géing uschléissen? 25 Länner man dat schonn.

Quellen

Levinson et al. (2015). “Choosing Wisely”: a growing international campaign. BMJ Quality and Safety.

EBM. Bessere Prävention mit neuem Bundesinstitut, Cholesterin- und Diabetes-Screening? Wir brauchen Evidenz statt Aktionismus! URL

SAMW (2012). Nachhaltige Medizin. Positionspapier der Schweizerischen Akademie der Medizinischen Wissenschaften (SAMW). URL

The Lancet. Right Care serie. URL