De STATEC liwwert ons reegelméisseg Zuelen iwwer de Wuesstem vun der Bevëlkerung, mee elo mat de Resultater vun der neier Vollekszielung kréie mer Detailer, déi ons erlaben dëse besser ze verstoen. De Fernand Fehlen huet sech dës méi genau ugekuckt.

Eng Carte Blanche vum Fernand Fehlen

73,7%. Dat ass déi eenzeg Zuel mat där ech iech haut belästege wëll. Wéi dee leschte Recensement Enn 2021 gemaach ginn ass, haten 73,7% vun der Wunnbevëlkerung e sougenannte Migratiounshannergrond. Dat heescht si ware selwer agewandert oder si hate mindestens een Elterendeel, deen agewandert war. Dëse Prozentsaz erstaunt net, wann ee bedenkt, datt e Véierels vun den Awunnerinnen an Awunner an deenen 10 Joer tëschent deenen zwee leschte Recensementer vu baussen dobäi komm sinn. D’Leit mat engem Lëtzebuerger Pass stellen zwar nach ëmmer eng kleng Majoritéit duer, mee och ënnert hinnen huet d’ Hallschent e Migratiounshannergrond. Dës Zuele sinn ouni vill Kommentaren a grouss Opreegung opgeholl ginn, well mir all wëssen, datt ons Wirtschaft a virun allem ons Sozial- a Rentesystem ouni dës Migratioun net geséchert ass. Villäicht misste mer ons méi Gedanken iwwer d’Wuesstumsspiral, an där ons Gesellschaft gefaangen ass, maachen, mee dat soll haut net mäin Thema sinn.

Virun enger Woch sinn d’Zuelen aus dem Recensement iwwer de Sproochgebrauch verëffentlecht ginn. A prompt stoungen déi UsualSuspects, déi den Ënnergang vum Lëtzebuergeschen erbäi rieden, nees um Dill.

Wann een sech bewosst ass, datt ee Véierels vun der aktueller Bevëlkerung an deene leschten zéng Joer bäikomm ass, aus Länner, an deene kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt, da brauch een sech net ze wonneren, datt de Prozentsaz vum Lëtzebuergeschen als Haaptsprooch zeréckgeet. Dee berüümte Paradox vun onser Sproochesituatioun besteet grad doranner, datt trotz dëser Arithmetik de formellen an informelle Statut a Prestige vum Lëtzebuergeschen zouhëlt.

Och déi plakegen demolinguistesch Zuele vum STATEC kënnen des optimistesch Vue ënnerstëtze. Zum Beispill: Wat Migrantinnen a Migrante méi laang am Land sinn, wat se méi Lëtzebuergesch benotzen an – erstaunlecher Weis – wat se méi oft Lëtzebuergesch als hir Haaptsprooch nennen. Oder en anert Beispill: An der Kategorie vun de Jonken ënner 20 mat Migratiounshannergrond ass den Taux vum Lëtzebuergeschen als Haaptsprooch an deene leschten 10 Joer, trotz der massiver Immigratioun net erof gaangen.