Lëtzebuerger Rentesystem

An deenen nächste Méint a Joren wäert vill iwwert de Lëtzebuerger Rentesystem diskutéiert ginn. Dobäi ass et wichteg net de Fokus aus den Aen ze verléieren, dee muss dorobber leien e staarken ëffentleche System ze erhalen an auszebauen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
Die Rente ist sicher. Sou sot mol eng Kéier e fréieren däitschen Aarbechtsminister. Zu Lëtzebuerg ass dat och de Fall, well mer e staarken ëffentleche System hunn, di obligatoresch Renteversécherung.
Si gëtt finanzéiert iwwert e sougenannten Emlagesystem, dat heescht, di Leit di haut schaffe ginn, finanzéiere mat hire Cotisatiounen d’Pensioune vun haut. Di Leit déi an 20 Joer schaffen, finanzéieren di Pensiounen déi an 20 Joer ausbezuelt ginn. Kee finanzéiert mat senge Cotisatiounen seng eege Rent.
Dat ass e gudde System, dat ass et solidaresche System, den net dierf ausgehillegt ginn duerch d’Pousséiere vu private Renteversécherungen.
Dass d’Ausgabe fir d’Renten an deenen nächste Jore klammen duerch d’Alterung vun der Bevëlkerung ass nëmmen normal, an ass och alles anescht wéi dramatesch. Et muss een sech just d’Moyen’e gi fir dat ze finanzéieren.
An deene leschte 50 Joer huet sech den Undeel vun den Ausgabe fir d’Pensioune par rapport zum PIB verduebelt. Dat war ouni Weideres ze verkraafte fir eis Gesellschaft an eis Ekonomie, an ech mengen et huet mol keen et an Uecht geholl.
Mee do dierf ee lo net de Feeler maachen a manner Moyen’en zu Verfügung stellen, well da geschitt dat wat den amerikaneschen Nobelpräisträger, de Paul Krugman, kritesch “starving the beast” genannt huet. Dat heescht de System erhéngere loossen a sech kéng Gedanken machen iwert alternativ Finanzéierung, doduerch missten d’Leeschtungen erofgesat ginn, d’Leit wieren net méi zefridden an da géife mer riwwer klammen op méi Privatversécherungen. Dat dierf net geschéien.
Well wéi gutt dee politesche Choix an Amerika funktionéiert huet, wësse mer jo ; wéi héich do d’Altersaarmut ass an dass d’Leit nach musse mat 70, 80 Joer kléng Jobe maache fir iwwert d’Ronnen ze kommen.
Och zu Lëtzebuerg ass dat d’ailleurs net ëmmer evident. Sou huet de Risiko vun Altersaarmut zu Lëtzebuerg sech an deene leschten 10 Joer schons verduebelt.
Well mat der Lëtzebuerger Mindestrent zu Lëtzebuerg liewen ass nawell schwiereg. Si ass méi niddreg wéi de Mindestloun, a mat dem kënnt ee scho bal net iwwert d’Ronnen. Si muss also gehéicht ginn.
Aner sozial Komponente vum System wéi d’Allocation de fin d’année vun de Rentner a wéi och den Ajustement sinn duerch di aktuell Gesetzgebung a Fro gestallt, a riskéieren an deenen nächste Joren ewechzefalen. Duerfir muss dat Gesetz schnellstméiglech ofgeännert ginn.
Well de Pensiounssystem ass an éischter Linn kéng Mathematik, mee eng eminent politesch Fro. Mir musse kucke wat mer wëllen als Gesellschaft u Leeschtunge opbrénge fir déi Leit déi an der Pensioun sinn. An duerno musse mer natierlech kucke wéi mer dat finanzéieren, sief et, falls néideg, duerch Cotisatiouserhéigungen, duerch d’Ëmverdeelung vu Produktivitéitsgewënner oder duerch en alternative Finanzement.