Hutt dir är Krëppche schonn opgeriicht? – Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Zum Inventär vun de Virbereedungen op Chrëschtdag gehéiert d'Opstelle vu Krëppen an Haiser, op Plazen an a Kierchen. Wat bedeit d'Krëppchen? Gewëss, fir déi eng just e Familljenidyll, deen an der Chrëschtzäit héichliewe loosst a kultivéiert gëtt. Fir d'Chrëschten de Mystär vun der Inkarnatioun vu Gott, dee Mënsch gëtt, an zwar net als Prënz an engem Fënnefstären-Hotel, mä um Rand vun der Gesellschaft als äermsten ënnert deenen Aarmen, an domat vu virera mat hinne solidaresch.

Wou kënnt dee Brauch vun der Krëppchen hir, deen och bei äis ganz populär ass? Et war den Hellege Franz vun Assisi, 1223, also genee virun 800 Joer, am déiwe Mëttelalter, dee fir d'éischte Kéier an enger Grott zu Greccio a Mëttelitalien eng Krëpp opgestallt huet. Vun do aus huet d'Traditioun sech weltwäit verbreet.

Bei äre Krëppen doheem gehéiere wéineg Figuren derzou, déi am „inner cercle", an der Mëtt vun der Zen am Stall sinn: fir t'éischt d'Këndchen, vun deem en Zauber ausgeet. D'Chrëschtzäit aktualiséiert dësen Zauber, dëst klengt Wonner, domat och dat Mystescht, de Bléck an dat Verbuergent a Geheimnisvollt, wat mam neigebuerene Jesus an der Krëpp verbonn ass.

Bei ville Krëppen widderhëlt sech ëmmer datselwecht Muster: Am Mëttelpunkt steet Maria mam Kand, wärend de Jousef scho bal wéi en Aussesäiter um Rand vum Geschéie steet. Ma hien ass de Mann mat Gottvertrauen, deem säi Liewen ëmmer nees duerchkräizt gëtt. Hie verléisst déi gewinnte Bunnen a geet alternativ Weeër. De Jousef gëtt äis vun der Bibel virgestallt als e Mann, deen entschlossen zur Saach kënnt; deen net zéckt, wann d'Entscheedung eemol gefall ass. An zugläich ass hien, vis-à-vis vu Maria a vum Jesus, ganz virsuerglech, jo zäertlech.

Am léifsten hunn ech napolitanesch Krëppen, wou an enger ganzer Zeenerie d'Maartfra, de Metzler an d'Nopeschen dem neigebuerene Jesus hier Opwaardung maachen. Wëllt soen: Dat wat do geschitt, geschitt matzen am Liewen a passt an all Zäit eran.

Chrëschtdag for ever!

Georges Hellinghausen