D'Museker zu Lëtzebuerg sinn dacks an enger Zwéckmillchen tëscht Hobby a Beruff. Dat soll awer keng Rechtfäerdegung si fir onbezuelten Optrëtter, mengt den Ex-Fräizäitmuseker Serge Tonnar.

Carte Blanche vum Serge Tonnar

D'Philharmonie huet kaum Léiergeld ginn aus der Polemik ronderëm hirem Fräiwëld-, pardon, Fräiraumfestival. Op d'mannst gëtt en dës Kéier als Festival fir Fräizäitmuseker ugekënnegt an et gëtt kloer gesot, dass d'Museker keen Honoraire kréien. Dat gouf déi leschte Kéier nach net sou ugekënnegt an et goufen och professionell Museker gefrot, do opzetrieden, och wann d'Philharmonie dat bestridden huet. Eng Onwourecht, déi d'Ministesch deemools och nach an der Chamber weidergezielt huet.

Wann e Veräin, mat begeeschterte Benevollen, e Fest organiséiert, wou Fräizäitmuseker ouni Cachet optrieden, da passt dat beieneen. Wann et awer dat gréisste Concertshaus aus dem Land ass, wat mat ëffentleche Gelder finanzéiert gëtt, da passt et net méi, ma et schuet sengem Image an der Professionaliséierung vun der Musekszeen. Ech mengen net d'Chorallen, d'Fanfaren an d'Harmonien, déi eng enorm wichteg Aarbecht leeschten, mee déi hei leider an een Dëppe gehäit gi mat Museksgruppen, Interpreten, Auteuren a Komponisten, déi d'Musek wuel nieweberufflech ausüben, vill vun hinnen awer sécher dovun dreemen, eng Kéier vun hirer Konscht liewen ze kënnen. Dass dat en Dram bleift, dofir suergt déi Haltung, déi eng Philharmonie an e Ministère hei un den Dag leeën.

Déi ëffentlech Hand an hir gutt bezuelten Decideure ginn 200.000€ aus fir e Museksfestival, wou jidderee bezuelt gëtt, deen dru schafft, ausser d'Museker. Ass dat dann net de Géigendeel vun hirer eigentlecher Missioun? Sollt eng Philharmonie a mat hir all aner ëffentlech Kulturinstitutioun, net mam Beispill virgoen an all Museker e richteg gudde Cachet bezuelen, fir ze weisen, dass Musek eng wierklech Aarbecht ass an een, mat deem néidegen Talent a Wëllen, aus sengem Hobby e Beruff maache kann?

Et gëtt bei eis keng däitlech Trennung tëscht professionelle Museker, Fräizäitmuseker an nieweberuffleche Museker. Souguer vun eise gréissten Talenter mussen déi meescht en Niewenakommes hunn, ebe grad, well hei net genuch bezuelt gëtt, net genuch Méiglechkeete gebuede gi fir reegelméisseg Optrëtter a quasi keng Laangzäitkontrakter. Et ass also ausschliisslech duerch bezuelten Engagementer, wou aus engem Fräizäitmuseker iwwerhaapt e Beruffsmuseker ka ginn.

Am Regierungsprogramm steet, dass de Kultursecteur 12.400 Leit beschäftegt. Wéi vill dovunner Kënschtler sinn, déi exklusiv vun hirer Konscht liewen, verréit en net, mee et dierften der wuel kaum iwwer 100 sinn. Wéi déi Proportioun soll verbessert ginn, wéi mer et hikréien, dass et méi berufflech Kënschtler ginn, déi Mënschen also, déi d'Inhalter vun eiser Kultur schafen an doduerch e Kultursecteur iwwerhaapt emol méiglech maachen, dat misst dach d'Zil vun all Kulturpolitik an dofir och vun all Kulturprogrammatioun sinn. Dat misst dach ee vun de Grondsätz vun där Deontologie sinn, déi sech sou liichtfankeg op de Fändel geschriwwe gëtt.

Ma nee, hei bass de eréischt e Profi wann's de bezuelt gëss, mee du gëss eréischt bezuelt, wann's de e Profi bass. Déi Logik geet net op, et ass a bleift eng Zwéckmillchen.