Sozialwalen

© RTL Grafik
Och 2024 ass e Superwaljoer. No de Gemengen- a Chamberwalen d’lescht Joer, sti lo d’Sozialwalen am Mäerz an d’EU-Walen am Juni un. Woubäi d’Sozialwalen éischter manner Opmierksamkeet kréien an der Ëffentlechkeet. Zu Onrecht, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).
Wat sinn d’Sozialwalen?
Wann ee vu Sozialwale schwätzt, da sinn domat zwou Wale gemengt: engersäits d’Wal fir d’Chambre des salariés (CSL) an anerersäits d’Wal fir de Betribsrot, also d’Personaldelegatioun an deene Betriber, déi 15 oder méi Leit a Vollzäit beschäftegen. Béid Gremie kucken no den Interête vun de Salariéen: d’Chambre des salariés, wann et em d’Entstoe vu Gesetzer geet an d’Personaldelegatioun am Betrib, wou d’Leit ugestallt sinn. Fir d’CSL gëtt per Bréifwal gewielt, fir de Betribsrot (prinzipiell) sur place. Béid Wale sinn intressant aus enger Rei vu Grënn.
Aarbechtsrecht evoluéiert
En éischte Grond ass, datt een als erwuessene Mënsch, ee groussen Deel vu senger Zäit op der Aarbecht verbréngt. Do sollt et engem net egal sinn, wéi d’Konditiounen op där Aarbechtsplaz sinn, well déi Konditioune si verännerbar. D’Aarbechtsrecht ass d’Resultat vu laangen Ausernanersetzungen: d’Kanneraarbecht gouf 1912 ofgeschaaft, den 8-Stonnendag (an der Industrie) ass 1928 agefouert ginn an d’Reegel 5 Deeg/40 Stonne gëtt et zënter 1975. Déi aktuell Froe ronderëm flexibel Aarbechtszäiten, 35 Stonnewoch, Homeoffice, Zäitspuerkonten, Congésdeeg etc brauchen, nieft der Place publique, offiziell Plazen, wou se diskutéiert ginn. Do gehéieren d’Betribsréit an d’Chambre des salariés, nieft enger Rei aneren Acteuren, dozou.
En anere Walsystem
Intressant sinn d’Sozialwalen och, well d’Walbestëmmungen anescht sinn, wéi bei de politesche Walen. Et gëtt z.B. keng Walflicht. An et sinn d’Wale mat de meeschte Stëmmberechtegten: ronn 650.000 Leit kënne matmaachen. Dat sinn der bal sou vill, wéi Lëtzebuerg Awunner*innen huet. Am Verglach: bei de Parlamentswalen am Oktober 2023 ware mol net hallef sou vill Leit walberechtegt (284.000). Bei de Sozialwalen däerf nämlech all Salarié.e matmaachen, egal wéi eng Nationalitéit en huet oder wou e wunnt, dh. d'Frontalieren si stëmmberechtegt. Ausserdeem däerfen och déi Leit matwielen, déi am Chômage oder an der Pensioun sinn, a Jonker ab 16 Joer. Sou sinn d’Sozialwalen eppes wéi e Laboratoire fir aner Walsystemer.
Demokratie als Gesellschaftsmodell
D’Walen am Mäerz si finalement e wichtege Beweis fir eng lieweg Demokratie. Fir datt e Staat als Demokratie bezeechent ka ginn, geet et nämlech net duer, datt all puer Joer Parlamentswale stattfannen. Neen, och op gesellschaftlechem Niveau muss en demokratesch funktionéieren, dat heescht d’Mënsche musse kënne matbestëmmen. Do spillen d’Gewerkschaften, d’Beruffskummeren an eben och d’Sozialwalen eng wichteg Roll. Dat Ganzt ass - niewebäi gesot- e risegen Opwand: stellt Iech mol vir, wéi laang ee brauch, fir déi 650.000 Walziedelen an Enveloppen ze paken (an dono rëm auszepaken), resp. d'Instruktiounen aus dem 64 Säiten décke Bichelche vun der ITM fir d’Betriber ëmzesetzen. Schonn eleng dowéinst ass et derwäert, sech mat de Sozialwalen ze beschäftegen a sou vill Leit wéi méiglech dozou ze beweegen, matzemaachen.