Problemkand Demokratie

Et rumouert an eisen Demokratien: Virun eiser europäescher Hausdier, also weltwäit - hannert der viischter Dier, also an Europa an um Kichendësch, also heiheem.
Ugefaang mat Debatten iwwert d'Walrecht vun engem fréieren US-President iwwert Demonstratiounen an Däitschland géint Riets bis heiheem bei d'Heescherten, déi der Exekutiv vum Rechtsstaat en Dar am A sinn.
Déi Generatioun, déi d’Nazidiktatur erlieft huet, an domadder och den 2. Weltkrich, kritt bis haut ëmmer erëm eng Fro gestallt: Wéi konnt et nëmmen dozou kommen a virun allem, firwat huet da keen dat verhënnert? Déi Fro gëtt besonnesch gär vu Leit gestallt, déi ouni ze zécke behaapten: “Also wann ech deemools gelieft hätt, ech hätt mech mat Hänn a Féiss gewiert, wier nimools Zwangsrekrutéiert ginn, hätt alles a jiddereen verstoppt a last but not least d'Resistenz selwer gegrënnt“. Leit mat méi gesondem a virun allem historeschem Verstand zécke mat enger schneller Äntwert, well et sech dach ëm eng komplex Situatioun handelt an et ëmmer méi einfach ass, mat hypotheetesche Wann-Dann-Sätz ze kommen, wéi an der Realitéit de Kapp dohin ze halen, wéi am Moment an der Ukrain. Do ass et allerdéngs traureg einfach am Sënn, datt d’Mënsche perséinlech Fräiheeten hunn an eng Diktatur net wëllen.
Mä wéi gesäit dat bei eis aus? Mir hunn och eng Demokratie a perséinlech Fräiheeten – awer wéi a wéini mierkt een dann datt esou e System sech selwer net méi gerecht gëtt, also ondemokratesch gëtt? Ass d'Polemik iwwert en Heescheverbuet en Indikator fir eng Verbesserung oder Verschlechterung vum demokratesche Prozess? Ass de Protest géint Riets bei eisen däitschen Noperen den Ufank vum Problem oder vun enger Léisung? Wann d'Verfassungsgeriicht zur Conclusioun kënnt, datt eng politesch Entscheedung net mat der Constitutioun ënnert een Hutt ze bréngen ass, dann erwaart ee sech, datt deem Rechnung gedroe gëtt. Awer net am Sënn datt déi selwecht Decisioun nach eemol geholl gëtt a just formal-juristesch anescht agepaakt gëtt, an zwar als Gesetz. Do weist de positive Rechtsstaat sech net onbedéngt a sengem Sonndesgezei. Mä ass dat schonns e Schrëtt an déi falsch Richtung ?
Well wierklech opbruecht wär keen – ausser vläicht déi politesch Oppositioun, déi awer manner wéinst der Saach dofir ëmsou méi aus zweck-utilitaristesche Grënn.
Dës Fräiheeten, déi d'Bildungspolitik sech schonns méi oft eraus geholl huet, hunn awer och eng gewëss Traditioun: Bis haut bleift ze klären, ob d'Marie-Adelaide gestierzt gouf oder selwer ofgedankt huet - wéi och d'Fro wéi vill vun hirem politesche Wëllen da wierklech am Aklang mat der Constitutioun wär.
D’Geschicht weist jo, wéi oft Regimmer, ënnert dem Deckmantel vun der Legalitéit, all méiglech Rechter, virop d'Mënscherechter verletzt hunn, fréier wéi haut. Sou huet d'Cancel Culture och de Lëtzebuerger Buedem erreecht. An d'Uni.lu, fir déi d'Meenungsfräiheet zu hirer DNA gehéiert an déi sech d'Diversitéit grouss op den Fändel schreift, verbitt neierdéngs sengen eegene Proffen de Mond.
D’Spréchwuert seet: Keen Damp ouni Feier. Do stellen ech mer d’Fro: Wéi laang muss een den Damp da schonns gesinn, bis ee sech op d’Sich nom Feier mécht? Well och fir d’Feier gëllt:Kleng läscht et sech besser wéi grouss. Wann also an der demokratescher Post-Spaassgesellschaft jiddereen nokuckt an denkt: Deen Anere wäert schonns eppes maachen, da gi mer momentan op d'mannst der Iddi gerecht, no där all Gesellschaft déi Politik a Leader huet, déi se verdéngt.