Zanter ugangs dës Joers sinn d’Reklammsbliedercher a Folderen, déi an eise Bréifkëschte verdeelt goufen, Vergaangenheet. Natierlech war dësen Trend virauszegesinn.

Dozou e puer Iwwerleeunge vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Carte Blanche vum Christiane Bramcart

D’Ëmsetze vun der europäescher Direktiv zum Opt-in fir d’Verdeele vu Pabeiersreklammen an de Bréifkëschte vun all Stot, huet d’Decisioun acceleréiert, datt den Opwand fir dës kuerzlieweg Reklammen ze grouss ass am Verglach mat Publikatiounen, déi méi geziilt mat Mail verschéckt kënne ginn oder och iwwer sozial Reseauen un e cibléierte Public verbreet ginn.

An trotzdeem ass dëst, d’Enn vun enger Ära. Well dës Reklamme waren dach deelweis gekoppelt mat Publireportagen a lokalen Informatiounen a ware bei ville Familljen de Moment, wou se zesummen derduerch gebliedert hunn, fir ze kucken, wat se an der Woch géife wouhin akafe goen, also och eng kleng sozial Komponent, déi verluer geet.

Déi ökologesch Grënn spillen och eng Roll bei dëser Decisioun. An dem Sënn ass eist Verhale mat Reklammen iwwer digital Reseauen, dann awer och z‘iwwerdenken a fir déi meescht vun eis onbedéngt ze verbesseren. Ganz vill Mailboxe hunn e puer Dausend E-Mailen, déi bei all Offroe vun der Mailbox geluede ginn. Dësen CO2-Ofdrock ass manifest, mee doriwwer gëtt sech am Alldag vill ze wéineg Gedanke gemaach. Dat selwecht gëllt fir d’Scrollen am Netz an op de soziale Reseauen, woubäi dës mam villen Videocontenu natierlech den intensiivsten Energiekonsum opweisen. Nëmmen als Beispill produzéiert eng Persoun déi 2,5 Stonne pro Dag op de Reseauen ass, duerchschnëttlech eng 140 kg CO2 am Joer, wat z. Bsp. engem Auto-Trajet vun 560 Kilometer entsprécht. Op spezifesche Plattforme kann ee seng Gewunnechte uginn, wou een dann säi perséinlechen CO2-Ausstouss gerechent kritt.

Zu dësem Verhale kommen allméiglech aner elektronesch an digital Gadgeten, déi sech iwwer déi lescht Joren an eiser zil- an effizienzorientéierter Gesellschaft extrem verbreet hunn an och mat engem vergréisserte Konsum vun elektrescher Energie verbonne sinn. Ech schwätzen do vun Appen a Smartwatchen, déi eis an alldeeglechen Tâchen a Wuelbefannen assistéieren, engem connectéierte Smarthome, ma och vun ëmmer méi Objeten aus dem alldeegleche Liewen, déi entretemps mat Energie funktionéiere fir weider – meeschtens onnéideg - Funktiounen unzebidden an allze dacks och nach ganz kuerzlieweg sinn. Se sollen eisen Alldag méi kamoud maachen a ginn och meeschtens mat enger gudder Intentioun kaaft, well elektresch ass jo propper an nohalteg.

Dobäi bleift déi propperst Energie nach ëmmer ganz einfach déi, déi net verbraucht gëtt. An dem Sënn, ass e komplett Ëmdenke vun eise Gewunnechte gefrot. Brauche mir fir alles eng App, déi eis seet, wéi mir eis fillen, wat mir wéini, wéi a mat wiem erleedege sollen an op eisen Dag e Succès war? Ech mengen, et ass un der Zäit, dat mer selwer nees méi autonom ginn, fir eis eegen Energie ze steieren a manner extern Energie ze verbrauchen.