E puer Deeg no der Publikatioun vum 1. Rapport iwwer d’Gesondheet vun de Kanner zu Lëtzebuerg an e puer Deeg virum internationale Kannerkriibsdag, deelen ech meng Gedanken zu dësen Themen.

De grousse Rapport, publizéiert vum jonken Observatoire National de la Santé krut follgenden Numm: « Eng gesond Zukunft ». Wënsche mer eis dat net all? Effectif, d’Gesondheet ass mat den eenzege Saachen, déi ee sech net wierklech kafe kann. An awer…

Mir hunn all d’Méiglechkeet, e risegen Impakt op eis Gesondheet ze hunn: Eis besser erniere mat méi frëschem, réien Uebst a Geméis, méi laang an déif schlofen, vun de Schuedstoffer ewechbleiwen (dozou gehéiert ënnert anerem Tubak, Alkohol an Zocker), natierlech eis all Dag an der frëscher Loft beweegen a méi oft no eisem eegene séilesche Wuelbefanne kucken.

Jo, mir hunn et schonn all héieren, an et ass e bëssi wéi eng al Leier. Trotzdeem ass et awer ëmmer rëm wichteg, drop zréckzekommen, fir net ze vergiessen, wéi vill mer selwer als Méiglechkeeten am Grapp hunn.

E puer Deeg virum internationale Kannerkriibsdag, deen de 15. Februar stattfënnt, ass de richtege Moment, fir nach eng Kéier un d’Wichtegkeet vun der Gesondheet ze erënneren.

Leider kréien all Joer 35.000 Kanner a Jugendlecher an Europa Diagnose Kriibs. Kannerkriibs ass eng seelen a liewensbedreelech Krankheet, di eng Rei Aktioune verlaangt:

- Déi éischt Aktioun soll et méiglech maachen, datt méi Kanner a Jugendlech iwwerliewen an dat duerch besser Behandlunge fir dat net méi all Joer 6.000 Kanner u Kriibs stierwen.

- Da geet et drëms, dës jonk Patiente besser z’ënnerstëtzen no de Behandlungen: E gëtt ëmmerhin eng hallef Millioun fréier Kannerkriibspatienten an Europa.

- A fir nach hei eng drëtt Aktioun erauszesichen, wär och dréngend, all Kand a Jugendlechen eng gläichberechtegt Chance ze ginn op Heelung an och op Zougang zu innovative Behandlungen. Et gëtt bis zu 20% Iwwerliewungs-Ënnerscheeder deemno a wei engem Europäesche Land e Kand wunnt a behandelt gëtt.

Dëst an nach méi Aktiounen deele mer Mëtt Februar zu Bréissel am Parlament den zukünftegen Europapolitiker mat, well och si hunn d’Méiglechkeet hei bäizedroen, andeems se politesch noutwendeg Initiativen a Budgete beaflosse kënnen.

Et ass ewéi sou oft, di beschten Ännerunge kommen, wa mer all un engem Strang zéien. Zesumme fir eng gesond Zukunft fir eis Kanner.