Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert d'Verwässerung vum Debat an der Transportpolitik.

Carte Blanche vum Richard Graf

Nach schéngt Lëtzebuerg a Saachen Mobilitéitsplang op Kurs ze bleiwen:

Bei der Debatt zur Petitioun géint de Verbuet vum Verbrennungsmotor ab 2035 hu sech gëschter all d’Parteien, bis op eng, hanner dës Decisioun gestallt.

A gëschter gouf och de weideren Ausbau vum Tram-Réseau an der Chamber gestëmmt.

Och d’Mobilité douce schéngt weider de Sukkurs vun der nationaler Politik ze hunn.

Esou huet allefalls op der Joresversammlung vu Provelo virun enger Woch geheescht.

Lauschtert een allerdéngs méi genau d'Tëschentéin bei de rezenten Debatten zum Thema Transport, da kritt een d’Gefill, datt déi Quasi-Unanimitéit dach awer op wackelege Bee steet.

Een Tenor a Saachen Transitioun, den sech duerch de gesamte Koalitiounsprogramm zitt, ass jo näischt iwwer d’Käpp vun de Leit wëllen ze decidéieren.

Dat kléngt zwar volleksno, kann awer derzou verleeden, sech aus der Verantwortung ze zéien, wann et ufänkt brenzeleg ze ginn.

Wéi mer dat an de leschten Deeg erliewen.

Bei der erwäänter Debatt zum Verbrennungsmotor gouf vu ville Säiten op den Tëschebilan fir 2026 verwisen, bei dem de Verbuet nach eng Kéier hannerfrot gëtt.

Et geet wuelgemierkt net ëm e Verbuet mat Verbrenner-Autoen ze fueren, mee dorëm dat d’Industrie ab 2035 nëmmen nach Gefierer, déi als klimaneutral agestuuft ginn, um Marché vun de Neiween dierf ubidden. Mir mussen also oppassen, dat deen - aus klimapolitescher Siicht - faule Kompromëss a Saache Verbrennungsmotor net weider verwässert gëtt.

Beim Tram ass d’Unanimitéit ze verstoen: do fënnt d’Ofstëmmung mat de Féiss vu fréi moies bis an de spéiden Owend statt. Déi “gréng Spillsaach” ass aus dem Transportmix guer net méi ewechzedenken. Déi, déi viru gutt 25 Joer mat Erfolleg géint den „Zuch an der Stad“ polemiséiert hunn, kennen sech anscheinend un déi Episod net méi erënneren.

Als Konsequenz ass den Tram mat bal 15 Joer Verspéidung un de Start gaangen. Vill Tonnen CO2 deemno, déi säitdeem ëmsoss an d’Loft geblose goufen.

A Saache Vëlo heescht et zwar am Koalitiounsprogramm, d’Méiglechkeet vu Vëlospiste bei Stroosseprojeten misst all Kéiers gepréift ginn. Eng Flicht adequat Vëlosweeër ze bauen, ass domadder awer net verbonnen.

Den Trend zu ëmmer méi breeden Autoe léist schonn elo erkennen, wéi eng Choixe getraff wäerte ginn, wann d’Plaz fir déi verschidde Forme vu Mobilitéit net duergeet.

Et heescht also oppassen, datt d’Relativéieren am Debat iwwert d’Transitioun net och zu enger Verwässerung vum Mobilitéitsplang féiert, et ass schliisslech dee Secteur mam gréissten Aspuerungs-Potential a Saachen Klimaschutz.