A senger "Carte blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwer d’Aart a Weis, wéi an de soziale Medie mat elementare Perséinlechkeetsrechter ëmgaange gëtt.

Hie schwätzt vun enger Welt, déi net méi, mee anescht fräi ass.

Eng éischt Zeitungssäit an eng Hellewull Artikelen a bal alle Lëtzebuerger Medien: d’Ausernanersetzung an engem Stater Restaurant vum Minister Meisch an enger Mataarbechterin Ufank des Joers huet d’lescht Woch fir vill Schlagzeile gesuergt. De Premier huet sech esouguer agemëscht an an engem Communiqué ënnerstrach, dat de Virfall an aller Transparenz vun den zoustännegen Autoritéite misst opgekläert ginn. An weider huet hie betount, dat Regierungsmemberen sech an alle Situatioune virbildlech verhale missten. Da waarde mer emol of, wat déi zoustänneg Autoritéiten transparent opschaffen.

Eng gutt Iddi war et sécher net, mat enger Persoun (Beamtin oder net) an engem Restaurant haart ze streiden. Skandaléis ass dëst net. Virun allem dann net, wann et em Privates geet a keng Gewalt am Spill war.

Ausléiser vun deem ganze, war e Bäitrag vun enger Zeien an de sozialen Netzwierker. Wéi esou oft. Heiheem an och dobausse kommen d’Scoopen aus dem Social-Media-Beräich. Gemaach vu Privatpersounen, déi eppes gesinn oder erlieft hunn, dat si matdeele wëllen. Oder och vu Politiker an anere Perséinlechkeeten, déi dëse Wee wielen, fir sech ongefiltert matdeelen ze kennen.

Ongefiltert – dat ass de wesentleche Punkt. Déi eenzeg Brems sinn d’Kontrollmechanisme vu Facebook, X a Co selwer. Wéi déi gräife, brauch ech Iech net ze soen. Ass déi informativ Fräiheet am Netz e Plus fir d’Gesellschaft an d’Demokratie? Dat woen ech ze bezweifelen.

Mir liewen an enger vernetzter Welt, an där Fake News, Virverurteelung a Verstéiss géint elementar juristesch Spillreegelen dozou gehéieren. D’Konsumenten hu sech doru gewinnt an et ginn der vill, déi des nei Fräiheet am Netz fir gutt a positiv fir d’Gesellschaft halen.

Méi Fräiheet : Nee. Awer eng aner Fräiheet, un déi ee sech gewinne muss. Eng Fräiheet, déi oft wäit iwwer déi Limitt eraus geet, wou engem aneren seng Fräiheet ufänkt.