En Allheelmëttel?

© RTL-Grafik
Housing First ass an aller Mond, wann et ëm d’Bekämpfung vun der Obdachlosegkeet geet. Wat genau ass dat? Wou sinn d’Limitten? Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Caritas Lëtzebuerg.
Housing first: Warscheinlech dat meeschtgebrauchtent Schlagwuert am Kampf géint d’Obdachlosegkeet zu Lëtzebuerg. Iwwersat heescht et ongeféier "virun allem Wunnen". Dohannert stécht e ganzt Konzept. Dëst Konzept ass awer net geduecht fir all Mënsch op der Strooss. Et riicht sech u Laangzäitobdachloser, wou all aner Hëllefen net gegraff hunn.
D’Konzept ass virun iwwert 30 Joer zu New York entstanen. Laangzäitobdachloser mat schwéiere physeschen a psychesche Krankheeten, Toxikomanie an oder Alkoholismus kréien eng Wunneng zur Verfügung gestallt. Dëst ouni Konditiounen, wéi zum Beispill en Entzuch oder eng Therapie. De Grondgedanke besteet dodran, dass d’Persoun als éischt emol zur Rou kënnt. Duerno eréischt kënnt d‘Energie, fir u senge Problemer ze schaffen.
D’Experienz an anere Länner huet gewisen, datt Housing first déi beschte Resultater huet, wann d’Wunnengen uechtert Land verdeelt sinn. Dat heescht, net eng niewent der anerer. En Housing First an enger Residenz op engem Stack ariichten, wou d’Toilette an d’Kiche gedeelt ginn, ass keen Housing first. Kleng Wunnengen, déi propper a bezuelbar sinn, sinn awer zu Lëtzebuerg quasi net ze fannen. A wann et mol Wunnenge ginn, déi uerdentlech a bezuelbar sinn, da si se sécherlech net zougänglech fir déi Vulnerabelst an eiser Gesellschaft.
Déi psychosozial Betreiung ass u keng Géigeleeschtung gebonnen. Se ass awer intensiv a spillt eng zentral Roll. Ekippen aus psycho-sozio-edukativem a medezineschem Personal sollen zu all Zäit bereet stoen. Housing First ass also net Housing Only. E riicht sech u Mënschen, déi e ganz héije Bedarf un Encadrement an Hëllef hunn. Iwwert eng laang Zäit. De Wee zeréck an d’"Normalitéit" ka laang daueren, wann ee ganz ënne war.
Intensiv an individualiséiert Betreiung ass deier. Wann een awer d’Laangzäitkäschte fir d’Gesellschaft kuckt, wann net gehollef gëtt, dann ass Housing First um Enn awer esouguer méi bëlleg. D’Mënschen, déi fir en Housing First hei zu Lëtzebuerg a Fro kommen, sinn och keng Honnerte vu Leit.
Housing first gëtt an der Lescht oft als Allheelmëttel duergestallt. Dat ass et awer leider net. Et ass eng Method, déi – wëssenschaftlech nogewisen – vill positiv Resultater an deene Länner bruecht huet, wou se konsequent ëmgesat gouf. An dat och just fir ee spezifeschen Deel vun de Mënschen op der Strooss.