En attraktiivt Ëmfeld fir d'Betriber fir e staarkt Europa

Säit den leschten Europaparlamentswalen si mir eis der ursprünglecher Visioun fir Europa vu Fridden, Sécherheet a Fräiheet rëm méi bewosst ginn.
Och déi europäesch Wirtschaft ass zanter hier mat villen Erausfuerderunge konfrontéiert, ugefaange mat dem Impakt vun der Pandemie, Problemer an de Liwwerketten, an de Konsequenze vum Krich an der Ukrain. Héich Energiepräisser an Inflatioun, esou wéi héich Lounkäschten maachen et den Entreprisen schwéier nach rentabel ze schaffen.
Den EU-Bannemaart mat sengen 447 Millioune Mënschen an iwwer 30 Milliounen aktiven Entreprisë mécht momentan ongeféier 15% vum globale PIB aus. Mir mussen iwwert déi lescht Joren awer leider feststellen, dass dësen Undeel erof geet, an dass och d'Kompetitivitéit vun der europäescher Wirtschaft noléisst. De PIB ass laut Eurostat 2023 em nëmmen 0,5% am Euroraum geklommen, géint 2,5% an den USA.
Dem Kompetitivitéitsverloscht kënne mir net méi einfach nokucken. Et ass un der Zäit, dass Europa rëm e méi Entrepreneur frëndlecht Ëmfeld schaaft. Mir brauchen dofir eng substanziell Reduktioun vun den administrativen Virschrëften an Hürden, an eng Verdéiwung vum Marché unique.
D'Fragmentéierung vum EU Bannemaart kascht Europa all Joer ongeféier 990 Milliarden Euro. Dëst entsprécht dem järleche Bruttoinlandsprodukt vun Holland, ob dee verzicht gëtt, well d'Reegelen net harmoniséiert sinn. Europa muss ophalen sech selwer Steng an d’Féiss ze leeën, wann Betriber an Investisseure mat zousätzleche Käschten a Virschrëften konfrontéiert ginn, déi se anerwäerts net hunn.
Fir d'Kompetitivitéit vun Europa ze verbesseren, an de Verloscht vu wichtegen Steierrecetten ze vermeiden, ass et entscheedend, dass d'EU an hir Memberstaate weiderhin um Ofbau vun Reglementatiounsbarrièren schaffen. Standarde musse weider harmoniséiert ginn, an d'grenziwwerschreidend Kooperatioun an Innovatioun musse gestäerkt ginn.
Et gëllt och nei wirtschaftlech Opportunitéiten ze notzen. D'Betriber mussen an der duebeler Transitioun begleet an ënnerstëtzt ginn. Dat gëllt besonnesch fir déi vill kleng- a mëttelstänneg Betriber, déi d`Réckgrat vun der europäescher Wirtschaft duerstellen. Sie mussen sech zugläich fräi op dem EU Bannemaart beweege kënnen, ouni onnéideg Contrainten. Nëmmen sou ka Lëtzebuerg an Europa hier Klimaziler areechen an zugläich u Kompetitivitéit gewannen, an engem internationalen dach ganz ugespaanten Ëmfeld.
Eist Land ass eng kleng an oppen Ekonomie an huet all Interêt un engem staarken a kompetitiven Europa, dëst och par Rapport zu de Weltmuechten USA a China. Grad zu Lëtzebuerg kënne mir all Dag vun den Avantagë profitéieren, déi mir dank der EU hunn.
Dofir brauche mir e staarkt a gëeenten Europa, dat no de Wale vum 9. Juni fir Fridden, Sécherheet an e frëndlecht Ëmfeld fir d’Entreprisë steet.