Haut beschäftegt sech d’Magali Paulus mat der humanitärer Situatioun an der Gazasträif

Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Eng Carte Blanche vum Magali Paulus

Wéi d’Katastroph zu Gaza viru bal 5 Méint ugefaangen huet, hunn ech geduecht dass ech net d’Geleeënheet kréich an enger Carte blanche driwwer ze schwätzen, well meng lescht Enn September war. Wéi d’Zäit vergaangen ass, hunn ech ëmmer méi gehofft, dass d’Geleeënheet net géing kommen. Leider muss ech et Enn Februar lo awer maachen. Net iwwer Gaza ze schwätzen ass fir mech net méiglech, och wann et keng richteg Wierder ginn, fir dat wat geschitt ze beschreiwen.

D’Zuelen eleng si fierchterlech: De 7. Oktober sinn 1.400 israeelesch Zivilsten ëmbruecht ginn. An der Gazasträif sinn et bis elo iwwer 28.000 Doudeger, dovun 11.000 Kanner an 8.000 Fraen. 68.000 si verletzt. 2 Milliounen deplacéiert, dat si 85% vun der ganzer Bevëlkerung. 79.200 ganz oder deelweis zerstéiert Haiser. 334 futtis Schoulen, 235 Gesondheetsariichtungen, 199 Patrimoinesitten, 1.720 industriell Sitten, 482 Moscheeën a Kierchen. Dat si 70% vun de gesamten Infrastrukturen. Keng Gesondheetsariichtung ass méi komplett funktionell. 309 Gesondheetspersonal, 167 humanitär Aarbechter*innen an 121 Journalist*innen sinn ëmbruecht ginn[1]. D’Biedem an d’Waasserressourcë sinn duerch déi intensiv Bombardementer fir eng laang Zäit kontaminéiert, wat d’Liewen an der Gazasträif a Fro stellt. Mir gëtt et dronken, wann ech déi Zuelen opzielen, iech och bestëmmt, wann der se héiert. Den internationale Geriichtshaff huet Israel ugewisen, déi néideg Moossnamen ze huelen, fir dem humanitären Alpdram en Enn ze setzen[2]. Dëst stéiert déi israeelesch Regierung awer net, mat hirer Offensiv weiderzefueren a Rafah ze bombardéieren. Esou vill Stemmen erhiewe sech, ënnert anerem déi vun der lëtzebuergescher Regierung, fir eng immediat an durabel Wafferou ze fuerderen. Mee déi amerikanesch Regierung blockéiert weiderhin all Resolutioun vum Sécherheetsrot.

Fir un all déi Doudeg ze gedenken a well um Radio keng Minute de silence gemaach ka ginn, well ech iech 1 Gedicht virliesen. Et heescht, "Vers sans domicile" an ass vun der palestinensescher Poetin Marwan Makhoul:

Pour écrire une poésie

Qui ne soit pas politique

Je dois écouter les oiseaux

Et pour écouter les oiseaux

Il faut que le bruit du bombardier cesse

Zanter Mëtt Oktober si bal all Samschden Maniffen an der Stad, fir déi Wafferou anzefuerderen. Déi nächst ass den 3. Mäerz.


[1]https://euromedmonitor.org/en/article/6135/Statistics-on-the-Israeli-attack-on-the-Gaza-Strip-%2807-October---03-February-2024%29

[2]https://www.icj-cij.org/sites/default/files/case-related/192/192-20240126-ord-01-00-fr.pdfhttps://www.icj-cij.org/sites/default/files/case-related/192/192-20240216-pre-01-00-fr.pdf