Selektiv Mesuren si wichteg, grad elo wou ëmmer méi Leit Schwieregkeeten hunn, d’Enner zesummen ze bréngen. De Staat hëlleft do zum Beispill mat der “Allocation de vie chère”, der “Prime énergie”, der "Subvention de loyer". Mee finanziell Hëllef vum Staat kritt een net einfach esou; et muss een Demandë maachen. De Gaston Ternes geet a senger Carte blanche op des Demarchen an.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

Lëtzebuerg bekämpft den Aarmutsrisiko mat enger ganzer Rei vu selektive Mesuren. Dat ass richteg esou, well d’Hëllef do lant, wou se tatsächlech gebraucht gëtt. Ech begleeden am Alldag, op éierenamtlecher Basis, Jonker esouwuel bei der Sich no enger Aarbecht, wéi och bei den Hëllefen déi eise Staat virgesäit. Eng Ulafstell ass de Ministère du Logement. Op parlamentaresch Ufro hin, huet de virege Logementsminister informéiert, dass just 1 vu 5 potentielle Beneficiairen eng Demande géing erareechen. Et pour cause!

Fir eng Demande fir Subvention de loyer eranzeginn, brauch ee Piècen, betreffend ënner anerem de bezuelte Loyer, d’Zesummesetzung vum Haushalt, d’Akommeszertifikat, d’Affiliatioun bei der Sécurité sociale. Dat ass legitim, mee alles ass nach a Pabeierform a bei all Administratioun eenzel unzefroen. Duerno siegéiert dann eng Kommissioun.

Et dauert minimum 3 Méint bis een eng Äntwert kritt. Eng onméiglech Situatioun fir Leit a finanzieller Nout. Misst dee ganze System net duerch  „Aides directes“ ersat ginn?  Am digitalen Zäitalter misst et jo méiglech sinn - ouni groussen administrativen Opwand - reegelméisseg d’Dossieren z’iwwerpréiwen. Ass net den “A an den O” vun dëse Mesuren, dass se ukommen, dee Moment wou se gebraucht ginn?

Parallel dozou féiert de “Parcours du Combattant” als nächst Ulafstell bei de nationale Solidaritéitsfong. Dëse wäert aus, op eng Persoun eng Allocation de vie chère oder eng Prime énergie ze gutt huet. Nëmme wann d‘Äntwert „jo“ ass, huet een Urecht op Ënnerstëtzunge vun der Gemeng. Wann och hei de Staat nach ëmmer op de Pabeier setzt, dann ass et lueweswäert, dass d’Gemenge meeschtens den digitale Wee ubidden.

Frou ass een all Kéier wann et engem Jonke geléngt sech vun engem Joer op dat anert, iwwert d’Aarmutsgrenz eraus eropzeschaffen. Déi läit dem STATEC no, am Joer  2022, bei ronn 27.000 Euro Brutto Joresakommes. Rezent hat ee Jonken sech vun 20.000 op 35.000 Euro eropgeschafft. D’Freed war vu kuerzer Dauer. Deen Dag nodeem den Decompte vum Steieramt an der Boîte louch, huet sech d’Sécurité sociale mat engem Recalcul iwwert déi lescht 18 Méint zu Wuert gemellt: Et ware réckwierkend iwwert 7.000 Euro nozebezuelen. Ass dat ethesch vertrietbar? Misst do net der zoumuttbarer Laascht duerch reduzéiert Zënssätz Rechnung gedroe ginn? An dës Richtung klappt déi digital interministeriell Kommunikatioun jiddefalls ganz gutt.

Et gëtt héich Zäit och hei “Schwong” an d’Texter esouwéi an d’Prozeduren ze bréngen! Lëtzebuerg ass kee Musterschüler!