De Logement ass net nëmmen zu Lëtzebuerg een Thema. A senger Carte blanche kuckt de Gilles Hempel aus enger europäesch Perspektiv op dee Problem.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

D’Wunnengsnout ass ee vun de gréisste Problemer hei ze Lëtzebuerg – doriwwer sinn sech wäit Kreesser vun der Bevëlkerung an der Politik eens. Manner bekannt ass awer, dass mëttlerweil ganz Europa vun der Wunnengsnout betraff ass.

Do muss all Land seng Hausaufgabe maachen. Mee och um europäesche Plang muss – a kann -eppes geschéien.

D’Europäesch Unioun huet awer keng direkt Zoustännegkeeten am Beräich vum Logement an et gëtt bis elo kee Conseil vun de Logements-Ministeren.

Op Initiativvun der Belscher Presidence, treffen sech muer déi europäesch Logements-Ministeren zu Leck fir een informellen Austausch. Vill decidéiere kennen si do net. Déi Reunioun ass net mat engem Conseil wéi dem JI oder dem ECOFIN ze vergläichen, wou wäitreechend Decisioune geholl ginn.

Dat wier awer batter néideg. Nëmme gemeinsam kennen d’EU-Memberstaaten de Problem vum Logement léisen.

Wéi dat geschéie kann, weist een neie Manifest vun Housing Europe. Dee fuerdert, ënneranerem, Indicateuren an Zieler iwwert Logementssituatioun an de Reporting an an d’Recommandatioune fir Memberstaaten opzehuelen. Ee fuerdert och eng Adaptatioun vun de Wettbewerb a Budgetsreegelen, fir staatlech Moossnamen géint d’Logementskris net ze bremsen. An ee schléit fir, all d’Mesuren an engem neie Politikberäich ze bündelen.

Mir brauchen onbedéngt een europäeschen Traité iwwert de Logement. An an der EU-Kommissioun muss ee Kommissär genannt ginn, deen sech exklusiv em de Logement këmmert.

D’EU-Wale vum 9. Juni dëst Joer sinn hei ee kruziale Moment. Een neit Parlament an eng nei Kommissioun kennen d’Weiche stellen, fir dass de Logement eng europäesch Matière gëtt.

Ech well an engem sozialen Europa liewen an dem jiddereen een Dach iwwert dem Kapp huet.