Dës Fro muss een sech stellen, wann ee wëll Léisunge fir eng Rei vu Problemer fannen, mat deenen der vill vun ons confrontéiert sinn: ob am Privaten oder am Beruff.

Ëmmer méi Virschrëften an allen Domainë maachen alles net nëmme méi komplizéiert, mee verlängeren d’Delaien an dreiwen allgemeng d’Käschten d’Luucht.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Beispiller ginn et der genuch:

Eng Hieselmaus, déi muss relogéiert ginn, ass ënnert anerem d’Ursaach dofir, dass de Bau vu 450 Wunnengen op der Izegerknupp elo schonn zanter Jore schleeft.

Eng Etude fir ze kucken, ob kéng Fliedermais do sinn, éier e baufällegt Gebai kann ofgerappt ginn.

Eng Feldlerche (Léierchen) déi verhënnert, dass archeologesch Etudë musse gemaach ginn, éier ka weider un engem PAP geschafft ginn.

Eng privat Entreprise, déi wëll Wunnenge bauen, muss 250.000 Euro fir Ëmwelt-Etudë bezuelen, well fir d’éischt musse Kuebennäschter geplënnert ginn.

Et kommen ëmmer méi streng Sécherheetsnormen bei ëffentleche Gebaier, déi musse vun engem Organisme agréé an duerno nach vun der Sécurité dans la Fonction Publique an der ITM kontrolléiert ginn, déi sech oft nach widderspriechen. Dobäi kënnt e restriktivt Marché publics Gesetz.

Net ze schwätze vun der Landwirtschaft, déi ëmmer méi mat administrativen Oploen zougedeckt gëtt, an dat gëllt och fir d’Handwierk an de Commerce.

An der Santé iwwerdeems mussen d’Acteuren oft méi Zäit mat Paperasse wéi mat hire Patiente verbréngen. Dat gëllt och fir de soziale Secteur. Deen net ëmmer sënnvollen administrativen Opwand am Enseignement hëlt dauernd zou.

Bei den Entreprise brauch een en Data protection officer, e Compliance officer, en Auditeur interne, en externe Reviseur an am Finanzsecteur kënnt nach déi staatlech Kontrollinstanz dobäi.

D’ASBLen – an do denken ech besonnesch un déi kléng – mussen hier Comitésmemberen am Régistre des bénéficiares effectifs androen a sinn ëmmer méi mat engem groussen administrativen Opwand gehäit.

An och am Wunnengsbau ginn d’Prozeduren ëmmer méi komplizéiert an d’Virschrëften ëmmer méi streng, wat zu méi laangen Delaie féiert. Da brauch een sech net ze wonneren, dass d’Käschten explodéieren.

Jo, eng Gesellschaft brauch Reegelen a Kontrollen: Mee dat soll net mat Acharnement geschéien, mee mat Gefill a besonnesch mat gesondem Mënscheverstand.

Mir kënnen ons et nämlech net weider erlaben, d’Ham an der Mëllech ze kachen.