Wann een de Wuesstem vun der Wirtschaft a Fro stellt, da muss een och bedenken, datt vill Persounen an der Drëtter Welt nëmmen duerch Wuesstem hir Liewensbedingunge kënne verbesseren.

Fir dann awer déi ambitiéis Klimaziler, déi d’Weltgemeinschaft sech gesat huet, net ze verfeelen, brauch et eng aner Form vum Wuesstem, déi esouwuel nohalteg wéi inklusiv ass an dann och nach derzou bäidréit, fir d’Aarmut ze bekämpfen.

An der Entwécklungshëllef war een Zil, esou vill wéi méiglech Persounen aus der extremer Aarmut eraus ze bréngen an deem een alles dru gesat huet, datt si op mannst 2 Euro den Dag verdéngt hunn. Dëst ganz bescheident Zil ass zu engem gudden Deel erreecht ginn duerch de wirtschaftleche Wuesstem, dee mir déi lescht 50 Joer kannt hunn.

Elo geet een dervun aus, datt eng Persoun an den aarme Länner mindestens 12 € den Dag brauch, fir sech a seng Famill autonom kënne weider ze entfalen. Da kann déi Persoun hir Kanner an d’Schoul schécken an och no der Gesondheet vun der Famill suergen. Dat ass ee ganz ambitiéis Zil, wat vill Ustrengunge brauch. Dat Zil kann net erreecht ginn, ouni datt d’Wirtschaft weider wiisst.

An den entwéckelte Länner gëtt elo ëmmer méi déi ablécklech Form vu Wuesstem a Fro gestallt, well ee sech bal ausschliisslech fokusséiert op de negativen Impakt vun deem Wuesstem op d’Klima. Dat ass sécher eng ganz luewenswäert Iwwerleeung, awer wann een eleng dowéinst déi ablécklech Form vu Wuesstem a Fro stellt, muss een awer och den Impakt op déi aarm Länner an hir Awunner bedenken. Gefrot ass hei éischter eng aner Form vu Wuesstem, deen esouwuel nohalteg, wéi och inklusiv ass an awer erlaabt, dat Netto Null Klimazil ze erreechen.

Mir brauchen elo esouguer ee staarke Wuesstem, deen awer ganz aner Prioritéite setzt. Esou muss virun allem op Innovatioune gesat ginn, déi vill méi fokusséiert musse sinn, esouwuel op d’Erreeche vum d’Klimazil wéi och op d‘Bekämpfung vun der Aarmut. Da brauch et och eng ganz gutt Zesummenaarbecht tëschent allen Natiounen. Esou wuel déi Entwécklungslänner, wéi och déi entwéckelt Länner mussen op Aenhéicht, zilbewosst zesummeschaffen. D‘Politik, Wirtschaft, d’Finanzen an d’Entwécklungshëllef mussen hir Aktioune beschtens koordinéieren. Esou mussen z.B. déi rezent Errongenschaften an der digitaler Welt a besonnesch déi vun der kënstlecher Intelligenz esou orientéiert ginn, datt se prioritär engem nohaltegen an inklusivem Wuesstem déngen.

Déi Errongenschafte mussen der ganzer Weltbevëlkerung ze gutt kommen an net nëmmen enger klenger Minoritéit. Do kann een der Meenung sinn, datt esou ee System fir d’Zesummeliewen ze veränneren, naiv ass. Wann een dat mécht, da muss een awer dat selwecht behaapten iwwert dat Netto Null Klimazil fir 2050. Schlussendlech brauche mir eng grouss, weltwäit Solidaritéit, wou jiddereen individuell opgeruff ass, ee Bäitrag ze leeschten

Michel Maquil

Fräie Wirtschaftsberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse