Eng Rifkin-Etüd fir de Gesondheets- a Fleegesecteur?

Beim demographesche Wandel féiert déi méi héish Liewenserwaardung an déi gläichzäiteg zréckgoend Unzuel vu Gebuerten dozou, dass méi eeler ewéi jonk Leit eis Gesellschaft ausmaachen. Eng Fro, mat der mir konfrontéiert ginn ass: Wéi kënne mir bei der bestoender Penurie Jiddereen am Alter versuergen? D’Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin wot e Bléck iwwert den Tellerrand.
Den demographesche Wandel ass gekoppelt mat gesellschaftleche Verännerungen,d.h. Famillje ginn ëmmer méi kleng, soudass ëmmer manner Kanner (wann der iwwerhaapt do sinn) ëmmer méi Familljemembere versuerge sollen. D’Zäiten hu sech deemno geännert: Wärend fréier d’Familljen oft an engem Haus zesummegewunnt hunn, wunnen d’Kanner elo mat hirer eegener Famill enzwousch anescht. Gläichzäiteg gëtt dat anert Ënnerstëtzungsnetz ëmmer méi kleng: d’Dierfer wuessen zwar an d’Noperschaft gëtt méi grouss, mä gläichzäiteg gëtt d’Liewen och méi anonym. Kleng foussleefeg Geschäfter goufen duerch grouss Akafszentren ersat, déi vun enger Autobunn gutt erreechbar sinn, Hausbesich vun Hausdoktere ginn ëmmer méi sielen –kuerz gesot: Ouni Famill a Führerschäin huet een e tam Alter schwéier.
Dëst stellt eist d’Land virun enorm Erausfuerderungen an dach feelt et un enger Visioun. Wéi kréie mir no de politeschen Diskussioune vun der IRM-Affairen de Bléck nees op konstruktiv problemmbaséiert Iwwerleeunge geriicht?
Eng Rifkin-Etüd fir de Gesondheets- a Fleegesecteur - eng ministerieniwwergräifend Visioun fir Lëtzebuerg!?
Wéi wëlle mir eis Gesondheets- a Fleegeversuergung 2035 am Spidol mä och an de Gemengen, doheem an an den Altersstrukture gestallten?
Well et stelle sech eng Partie wichteg Froen:
Wéi kënne mir d’Leit ënnerstëtzen, méi laang a méi selbststänneg do ze wunne wou a wéi si wëllen?
Kenne mir eis dorobber verloossen, déi eeler Generatiounen ennert sech,a grousse Strukturen ënnerzebréngen?
Dëst ass e schwieregt Thema, wou kee sech betraff wëllt fillen, and obäi si mir all fréier oder spéider op Hëllef vun Aneren ugewisen. Dobäi ginn et vill interessant Usätz!
Wéi wier et mat alternative Wunnformen, sougenannt "Mehrgenerationenhäuser" mat Wunnengen, wou Jonk an Al beienee wunnen, Enkelkanner nees eng Bomi fannen a wou déi eeler Leit hier Liewenserfarung z.B. am Gemeinschaftsgaart deele kënnen?!
An dat an engem bewosst geplangte Quartier mat lokale Butteker, déi zu Fouss erreechbar sinn. Oder AltersWGen, wou een d’Erausfuerderungen am Alldag gemeinsam bestreit. A fir déi eeler Leit, déi gären hier Rou eleng doheem wëllen hunn, Usätz vu Smart Living, fir dass si duerch digital Hëllefe just dann Hëllef kréien, wann si der wëllen a brauchen, fir nëmmen e puer Usätz ze nennen...
D’Fro, déi sech stellt ass jo net nëmmen: "Wéi solle mir all déi Leit versuergt kréien?" mä et geet em e selbstbestëmmt Liewen am Alter, en Alter wou ee keng Angscht dovu brauch ze hunn a wou ee mat Zouversich tka soen, dass eng nei Liewensetapp op ee waart.
D’Fuerschung kéint hei e wichtege Gamechanger sin, fir Äntwerten op dës Froen ze fannen a Léisungen op eise System unzepassen, resp. dëse grondleeënd ze veränneren.
Mir kënnen d’Zukunft net viraus soen, mä mir kennen se gestalten! Lassgeet et!