Stoppt d'Deindustrialiséierung an der EU

© RTL-Grafik
Knapp 3 Méint virun den Europawalen brécht de René Winkin an der Carte blanche eng Lanz fir de produktive Secteur.
Den 20. Februar hu sech 73 Leader aus groussen europäeschen Industriegruppen op engem Sommet zu Antwerpen getraff, wou si der Kommissiounspresidentin von der Leyen an dem belsche Premier de Croo eng Deklaratioun fir een europäeschen industriellen Deal iwwerreecht hunn.
Et geet drëm, wéi Europa seng Industriebasis erhalen an nohalteg transforméiere kann. Bei där Geleeënheet huet de Sir Jim Ratcliffe, Grënner a President vum Chimie-Grupp INEOS drop higewisen dass Europa aktuell schlofwandelt a Richtung Offshoring vu senger Industrie, den Aarbechtsplazen, den Investissementer an den Emissiounen.
Betreffend d’Emissiounen huet hien ënnerstrach, dass déi europäesch Bepräissung vum CO2 bis ewell ganz erfollegräich dodra war, fir Investissementer un hei ewechzehalen. An Europa goufen an deene leschte Joren eng Abberzuel vu Gesetzer gestëmmt, déi den Import vun enger ganzer Rëtsch u Gidder an Zukunft méi schwéier, méi deier, voire onméiglech maachen.
Fir de Konsument bei Laun ze halen, gouf eng méi lokal an nohalteg Produktioun, de sougenannten Near-shoring, oder d’Reindustrialisatioun vun eisem Kontinent gepriedegt. Ma d'Titelen, déi mer all Dag an der Wirtschaftspresse liesen, schwätzen eng aner Sprooch. D’Industrie wandert aus, well d’Rahmebedingungen net méi stëmmen: D’Raritéit an an de Präis vun CO2-fräier Energie, ze lues Geneemegungen, masseweis schwéierfälleg Compliance a Reporting- Reegelen oder fragiliséiert Liwwerkette sinn ee puer vun den Ursaachen.
An Éisträich gesinn ¾ vun de Betriber d’Gefor vun enger Deindustrialiséierung. 40% hunn an de leschten dräi Joer Deeler vun hirer Produktioun ausgelagert. An Däitschland sinn dat souguer 2/3 vun de Betriber.
Lëtzebuerg bleift kaum vun esou Entwécklunge verschount, och wann net all Betrib gläichermoosse betraff ass.
D'Tatsaach, dass Europa lescht Woch ee vu senge grousse Solarmodulhiersteller verluer huet, deen awer zwou grouss Fabricken an den USA plangt, ënnersträicht eppes ganz kloer : Et mécht Sënn, sech mat der Fro ze beschäftegen, ënner wéi engen Ëmstänn Betriber mat neie Reegele kënnen eens ginn an et mécht och Sënn, am Viraus d’Weichen ze stellen fir d’Opportunitéiten, déi sech aus neie Reegelen erginn, och kënne lokal opzefänken. De méi pragmateschen amerikanesche Wee schéngt ze klappen.
Europa kuckt no. D’USA ginn dofir och ëmmer méi zum Virbild vun enger erfollegräicher Klimapolitik. Europa muss Vitess a seng Energietransitioun bréngen. Technologie, Finanzéierung, Geneemegung an Investissement, dat sinn d’Stéchwierder, déi ee gär am EU-Walkampf wëllt héieren. An et géif bestëmmt och kee Betrib sech bekloen, wann déi kommend EU-Legislatur mol géif genotzt ginn, fir d’Lawin u Reglementatioun aus de leschte fënnef Joer ze verdauen, respektiv ze vereinfachen, amplaz ëmmer nach een drop ze setzen.