D'Schrëftstellerin Elise Schmit iwwert d'Protester géint Riets an Däitschland an eng politesch Mëtt zu Lëtzebuerg, déi hir Verantwortung verspillt.

Carte Blanche vum Elise Schmit

Ëmmer nach ginn an Däitschland d'Leit zu Dausenden op d'Strooss. Dat maachen si säit gutt zwee Méint, nämlech säit se gewuer goufen, datt Membere vun der AFD zu Potsdam un engem Networking-Treff mat Rietsextremen deelgeholl haten. Do gouf ënnert anerem doriwwer diskutéiert, wéi ee Leit mat auslänneschen Originne kéint an Nordafrika ëmsidelen – an zwar onofhängeg dovun, ob se en däitsche Pass hunn oder net. Et schéngt, wéi wann duerch dee Fall enger breeder Ëffentlechkeet eréischt wierklech bewosst gi wier, dass éischtens: déi ganz riets Gruppéierungen an Europa gutt matenee vernetzt sinn, dass et zweetens grouss Iwwerschneidunge bei hiren Ziler gëtt, an dass si drëttens net just sou maachen, wéi wann. Riets Parteien hu wëlles, riets Politik ze maachen, an si si gutt organiséiert.

Zu Lëtzebuerg sinn déi Protester weider keen Theema. Och dass déi rietspopulistesch Parteien an sou gutt wéi allen europäesche Länner méi staark ginn, betrëfft eis anscheinend net.

Dobäi ass rietspopulistesch Politik natierlech net nëmmen, Leit wëllen ze kujenéieren, déi duerch hir Originnen oder hir Relioun als net zougehéiereg zu enger Zort nationalem Leitbild ugesi ginn. Aktuell gehéieren dozou och: pro-russesch Astellungen, d'Meenung, datt de Klimawandel net schlëmm ass, eng reaktionär Opfaassung vu Famill, Anti-Feminismus, Skepsis vis-à-vis vun der EU a generell eng protektionistesch Vue op déi national Interessen.

Dës Tendenzen gëtt et och an der Politik zu Lëtzebuerg, och wann se zur Zäit nach manner schaarf vertruede ginn wéi an eisen Nopeschlänner. D'Taktike sinn déi selwecht, ënnert anerem: d'Diskreditéierung vun der Press, ideologesch Oflenkungsmanöveren, d'Selbstinzenéierung als Affer, an e perfide Sproochgebrauch, deen zum Beispill Fakten zu Meenungen erkläert an ëmgekéiert. E wesentlecht Zil vun esou Taktike besteet doran, de Raum vum politesch Machbaren no riets ze erweideren. Et gëtt drop spekuléiert, datt déi politesch Mëtt entweeder un de rietse Rand fësche geet an sech doduerch onglafwierdeg mécht, oder dass se aus Angscht ëm de Score bei den nächste Walen ewechkuckt.

Esou kippt déi ëffentlech Debatt ëmmer méi wäit no riets. Schwätze mer mol guer net vum ganz rietse Rand, deen ongenéiert ëmmer méi radikal Meenunge vertrëtt. Och an der Mëtt gëtt vu räichen Heescherbanden aus dem Ausland fantaséiert a vum Abroch an en Héngerstall op eng verfeelte Migratiounspolitik geschloss. Duerno gëtt da gesot: Jo, ok, ech entschëllege mech pro forma, wann et da muss sinn, mee dat wäert ee jo awer nach dierfe soen. Effektiv: Gesot ass gesot. Wien esou mat senger politescher Verantwortung ëmgeet, huet d'Mëtt schonn un d'Rutsche bruecht.