Ouschteren ouni Ouschterhues – net denkbar! Mä wéi den Ouschterhues areien an dat reliéist Fest, dat Ouschteren entstoe gelooss huet a bis haut säin Datum festleet? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Iwwert den Ouschterhues gëtt an der Bibel näischt gesot. Huese kommen do net vir. Mä d’Schof sinn d’Staren ënnert de bibleschen Déieren. An der biblescher Fauna sinn si am heefegsten ernimmt. Schof ginn do als Symbol fir d’Vollek Gottes gebraucht, si sti fir d’Kierch als Gemeinschaft vu Gleewegen. An den Hiert, deen den Trapp zesummenhält an uféiert, ass de Jesus. Hie gëllt als de gudden Hiert, deem d’Wuel vun deenen um Häerz läit, déi him vertrauen a sech vun him leede loossen.

D’Bild vum Hiert gehéiert zu de bekanntsten aus der chrëschtlecher Ikonografie. An de Katakomben, wou déi éischt réimesch Chrëschte begruewe goufen, ass de gudden Hiert zegmol op de Wänn portraitéiert. Ëmgi vun der Vergänglechkeet vum Liewen an an Erënnerung un hir Verstuerwen hunn si op deen Hiert gesat, deen si sollt gutt féieren – och vun dëssäit op déi aner Säit vum Liewen. Vun him hunn si sech e Schutz erwaart, deen och dann nach wierkt, wann no mënschlechem Ermiessen déi lescht Grenz vun der Existenz erreecht ass.

Nach viru wéinege Generatiounen houngen an eisen Haiser a Wunnechten Ofbildunge mam gudden Hiert matzen an engem Trapp Schof. Och an der Kummer vu mengen Elteren houng esou e grousst Bild am Nazarener-Stil. An der Tëschenzäit si si all verschwonnen a gëllen als onzäitgeméiss a kitscheg.

Hutt der schonn emol engem Trapp Schof nogekuckt? Op dem Hiert seng Stëmm lauschteren si. Si si vertraut mat senger Stëmm, senger Melodie, senger Orientéierung. Duerfir de gudden Hiert am reliéise Kontext, deen seng Leit féiert an esouguer säi Liewe fir si higëtt.

Op seng Stëmm lauschteren – esou de Message vum chrëschtlechen Ouschterfest – ass op laang Sicht mat enger Plus-value u Fridden, mat Wuessen an der Freed, mat Hoffnung an Trouscht verbonnen, well an him sech dee Gott, un deen d’Chrëschte gleewen, als e Frënd vum Liewen an net als Rival vun de Mënsche virstellt.

Bréngt also den Ouschterhues déi faarwech Ouschtereeër, esou erënneren d‘Schof un den operstane Jesus als de gudden Hiert.

Georges Hellinghausen