Dës Carte Blanche werft ee Bléck hanner d'Kulisse vu Liesproblemer. D'Wëssenschaftlerin an Entwécklungpsychologin Pascale Engel, schwätzt iwwert d´Auswierkunge vu Liesschwieregkeeten a plädéiert fir fréizäiteg Interventiounen.

Carte Blanche vum Pascale Engel

Zu Lëtzebuerg erreechen 52% vun de Kanner an ëffentleche Schoulen am Alter vun 9 Joer net den erwaarte Basisniveau am Liesen. Gutt Lieskompetenze sinn entscheedend fir den Erfolleg an der Schoul. Och am Zäitalter vu sougenannten 21st-century-skills a kënschtlecher Intelligenz behält d'Liesen seng Wichtegkeet - vläicht souguer méi wéi jee! All zweet Kand huet awer zu Lëtzebuerg Problemer mam Liesen, an dat schonn an de fréie Schouljoren. Dat sinn all Joers Dausende vu Kanner déi mam Liese léiere struewelen.

Liesschwieregkeete féieren dacks zu engem Däiwelskrees vu schouleschem Mësserfolleg bis hin zu sozioekonomescher Benodeelegung. Kanner matt Liesproblemer hu méi een héije Risiko fir échec scolaire a fréizäitege Schoulofbroch. Och déi emotional Konsequenze vu Liesschwieregkeeten si bedeitend. Si kënne laangfristegt d'Santé Mental negative beaflossen an domat zu héije Gesondheetskäschte bäidroen. Studie weisen och, datt Liesschwieregkeete mat Problemer um Aarbechtsmarché zesummenhänken an allgemeng zu enger méi staarker Ofhängegkeet vu sozialen Hëllefsmesure féiere kënne. Niddereg Liesekompetenze ginn och mat Kriminalitéit an Inhaftéieren a Verbindung bruecht, wat héich Käschte fir de Justiz System bedeit.

Déi gesellschaftlech Käschte vu Liesproblemer sinn also gravéierend. Sie verstäerke sozial Ongerechtegkeeten a reduzéieren d´Produktivitéit vun enger Gesellschaft.

Den Amerikaneschen Ekonomist a Nobelpräisträger James Heckman huet erausfonnt, datt weltwäit dacks ze vill Suen an déi spéit Entwécklung gestach ginn, obwuel déi selwecht Investissementer an déi fréi Kandheetsjore vill méi Notze kéinten droen. Hien huet mathematesch nogewisen, datt all Dollar, deen an déi fréikandlesch Bildung investéiert gëtt, net nëmmen de Kanner an de Famille selwer zu Gutts kënnt, mee och een excellente 'return on investment' duerstellt, dee laangfristeg gesellschaftlech an ekonomesch Virdeeler mat sech bréngt. An einfache Wieder kann een dat esou resuméieren: fréi investéieren, oder méi spéit vill méi berappen.

Dëst gëllt och, a ganz besonnesch, fir d'Liese léieren. Liese léieren ass an engem méisproochege Schoulsystem keng einfach Aufgab, an als Land hu mir vill an den Opbau vun Hëllefsmesuren a Strukture fir d'Ënnerstëtzung vun de Kanner investéiert. Allerdéngs trieden des Mesuren dacks eréischt dann a Kraaft, wann d'Kanner bis Schwieregkeete weisen. Et ass genee esou wichteg, an déi fréi Kandheetsjoren ze investéieren, fir spéider Problemer ze prevenéieren. Duerch fréizäiteg Interventioune kéinte mir vill spéider Liesschwieregkeete verhënneren, an doduerch zu enger méi inklusiver a produktiver Gesellschaft fir zukünfteg Generatioune bäidroen.