Steiergerechtegkeet

An deenen nächste Woche wäerten zu Lëtzebuerg an der Chamber d’Debatten iwwert de Staatsbudget 2024 stattfannen. Dat mat e bësse Verspéidung, well duerch d’Walen am Oktober 2023 elo eréischt den definitive Budget fir dëst Joer kann ugeholl ginn. Bei deenen Debatte misst d’Steiergerechtegkeet och en Thema sinn, mengt de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
Och wann am Budget kéng wesentlech Neierungen a punkto Steiere fir 2024 virgesi sinn, muss d’Steiergerechtegkeet sécherlech ëmmer en Thema an deenen Debatte sinn. A verschidden Ukënnegunge fir 2025 kéinten do och zum Thema ginn. Well Steiergerechtegkeet ass e fundamentale Prinzip vun der Steierpolitik a ganz vill Politiker, wann net souguer alleguer, schreiwen sech se gären op de Fändel.
Den Haaptpunkt fir ze kucken op e Steiersystem gerecht ass oder net, ass de Prinzip vun der Capacité contributive. Dat heescht ganz einfach : wat ee méi Akommes huet, wat ee proportionnell zu sengem Akommes muss wesentlech méi Steiere bezuelen. Dee Prinzip gëtt zu Lëtzebuerg op verschiddenen Niveau’en net respektéiert, a riskéiert ab 2025 nach manner respektéiert ze ginn.
Ee Punkt wou e massiven Defizit a punkto Steiergerechtegkeet zu Lëtzebuerg besteet, ass den Ënnerscheed vun dem wat d’Betriber u Steiere bezuelen an dem wat d’Privatleit bezuelen. Am Joer 2000 war dat nach ongeféier fifty-fifty, mee am Joer 2023 bezuelen d’Privatleit méi wéi duebel souvill Steiere wéi d’Betriber, an dat obwuel d’Beneficer grad souvill an d’Luucht gaange sinn wéi d’Léin.
Dass déi Schéier tëschent Steiere vun de Betriber a Steiere vun de Leit sou ausernee gaangen ass, ass notamment d’Resultat vum permanente Rofsetze vum Taux vun der Betribsbesteierung vun 33% am Joer 2000 op nach just 17% am Joer 2023. Duerfir dierf et 2025 net zu der weiderer ukënnegter Baisse kommen.
E anere Punkt wou eng grouss Ongerechtegkeet besteet ass tëschent de Menagen, wou de Steierbarème déi héich Revenu’en an sech misst méi belaaschten an déi Niddreg- a Mëttelrevenu’en entlaaschten.
Och ginn weiderhin d’Kapitalerträg konsequent manner besteiert wéi d’Akommes vun de schaffende Leit. Eng Persoun mat engem Duerchschnëttsakommes bezilt deemno 7 mol méi Steiere wann hiert Akommes e Loun ass wéi wann dat selwecht Akommes aus Dividenden besteet.
Och do ginn et awer Ukënnegunge fir 2025 déi éischter an di falsch Richtung ginn. Eng positiv, wann zwar och net ganz konkret Annonce déi et gouf, ass déi, dass de Steierbarème soll weider un d’Inflatioun ugepasst ginn. Mee déi Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun eleng geet awer net duer. Wann des Regierung net wëll dass d’Steieren fir d’Ménage ropgin, da muss se och Upassungen béi de Steierkrediter machen.
Zënter 2017 kréien zum Beispill ëmmer manner Leit de Steierkredit fir Salarié’en, respektiv de Montant vun dem Kredit geet rof. D’Steierbelaaschtung fir niddreg an duerchschnëttlech Léin hëlt also zou, an de Pouvoir d’achat geet rof wann d’Regierung do weider nokuckt. Wann de Budget 2024 wéi ugekënnegt éischter en Iwwergangsbudget soll sinn, da muss spéitstens de Budget 2025 fir méi, an net fir manner Steiergerechtegkeet suergen.