Et gesäit jo kee mech

Liewe mir responsabel, am Aklang mat eis, der Gesellschaft an den nächste Generatiounen? Oder maache mir nëmme wéi wann a sinn egoistesch soubal mer net ënner Observatioun stinn? Dozou e puer Iwwerleeunge vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
Nom groe Wanter bréngen d'Méint Mäerz an Abrëll nees Luucht an Energie an eisen Alldag. D'Deeg gi méi laang, fort mat der Wantermiddegkeet, erbäi mat neier Liewensenergie. D‘Fréijoersbotz steet un, ugefaange bei eisem Kierper – frëscht Saisongeméis lackelt an de Rayone a mécht et einfach de Wanterspeck ze verléieren; dann am Doheem – bei der traditioneller Ouschterbotz geet d‘Fensterwäschen liicht vun Hand, begleed vum Gesang vun de Villercher, an de Geroch vun den éischte Beem a Straicher an der Bléi, erfëllt d’ganzt Haus. Och d‘Gemengen organiséieren hier Grouss Botz Aktiounen, Schoulen, Clibb a privat Leit bedeelegen sech dru fir hiert not Ëmfeld nees propper ze kréien.
Firwat kennt et iwwerhaapt sou wéit dat et laanscht eis Weeër a Stroossen, souvill opzerafe gëtt? Net nëmmen e Kamellepabeier oder e Nueschnapp wat aus der Täsch fält, mee richteg vill Offall, dee bewosst an der Natur deponéiert gëtt – vu Fläschen a Béchsen, iwwer ganz Dreckstuten an eemerweis Knascht a Sondermüll. Mir wunnen an engem entwéckelte Land wat en efficacen Offallsystem huet, dee gutt organiséiert ass a gutt funktionéiert. Wéi kann et da sinn, dat souvill Offall - parallel zu dësem etabléierte System - souzesoen an der Natur verluer geet?
Bei der Quantitéit a Vilfalt vun Offall de vu Fräiwëllegen agesammelt gëtt, ass et net nëmme Bequeemlechkeet wann de Lëtzebuerger Awunner säin Ofdrock einfach do hannerléisst wou e grad ass, mee et ass och Non-foutismus an eng Zort Selbstaffirmatioun - kee geséit mech, da brauch ech mech net un d’Reegele vun der Gesellschaft ze halen.
Et gëtt ëmmer méi einfach, d’Responsabilitéit vu sengen Akten ofzeginn. Do wou meng Identitéit net bekannt ass, brauch ech mech net un d’Werter vu Moral a Respekt ze halen - schéngt den neie Credo ze sinn. Profiller op de sozialen Netzwierker déi absolut net der Realitéit a Wouerecht entspriechen, direkt Gespréicher déi zusehens duerch indirekt Kommunikatioun via Smartphone oder aner Devices ouni tëschemënschleche Kontakt ersat ginn; d’Evolutioun vun der Manéier wéi mer zesumme liewen, mécht et méi einfach Saachen ze soen oder ze maachen, déi een sech am direkte Kontakt net géif erlaben.
D‘kënschtlech Intelligenz höllt eis ëmmer méi Iwwerleeungen an Entscheedunge of, mee d’Moral an de Respekt sinn dobäi net garantéiert, well de Computer respektiv en Algorithmus oder eng Maschinn kann dës Komponent nëmmen deelweis an op ausdrécklech Demande hin, integréieren. Moral a Respekt muss vun all Mënsch selwer an all Moment gelieft ginn, nëmmen sou kann och d‘kënschtlech Intelligenz dës Wäerter mat ophuelen a viru liewen doen.
An dem Sënn, wa mir dobaussen nëmmen dat maache wat mir och bei eis selwer acceptéieren, da sinn d’Groussbotzaktiounen vläicht och geschwënn Geschicht a kënnen duerch flott a reell Zesummentreffen an Austausch tëscht Noperen a Matbierger ersat ginn.