Wa mer ëmmer méi Waffe fir de Fridde brauchen? Wien ierft da muer dat ganzt Arsenal, wat haut opgebaut gëtt? Dat freet sech de Möchtegern-Hippie Serge Tonnar a senger Carte Blanche.

An der Zäit huet ee misste géint de Krich sinn, fir fir de Fridden ze sinn. Wann een haut fir de Fridde wëll sinn, muss ee fir d'éischt fir de Krich sinn. Well nëmmen de Krich géint déi Béis kann de Fridde fir déi Gutt bréngen. Dat brécht eis alen Idealisten d'Häerz. Mir, déi eis fir hallef Hippie gehalen hunn a mam John Lennon "Give peace a chance" gesongen hunn. Mir, déi eng Tréin am Aen hunn, wann am Udo Lindenberg sengem Lidd e Kand séngt "Wozu sind Kriege da?". Mir, déi mat Mahatma Gandhi an Nelson Mandela de friddleche Widderstand fir déi héchste Form vun Zivilcourage gehalen hunn. Mir, déi Deserteuren a Krichsdéngschtverweigerer fir Helde gehalen hunn. Dat geet haut net méi, einfach sou géint de Krich ze sinn. Well wat de Krich méi no un eis erukënnt, wat d'Idealer ëmmer méi verdënnen, fir um Enn ganz iwwer Bord ze fléien.

Carte Blanche vum Serge Tonnar

Dofir huet Oprëschtung Trump, Pardon, Tromp. Mir mussen oprëschten, aus Grënn vu Selbstverdeedegung an Ofschreckung, fir de Schutz vun eise Wäerter, fir e Gläichgewiicht vun de Muechten oder fir iwwerhaapt nach eng Kredibilitéit an den internationale Bezéiungen ze hunn. Och eise Frieden, dee säin Numm also geklaut huet, versprécht dass an der Verdeedegung, wéi Oprëschtung verschéinert heescht, op kee Fall gespuert gëtt, an 2 Prozent vum nationale Brutto-Revenu an d’Defense investéiert ginn, schéi brav, wéi d'Nato dat gär hätt. Dass mat der Oprëschtung de Militarismus d'Iwwerhand kritt, d'Diplomatie entwäert gëtt, Ëmwelt a Ressourcë leiden, dass d'Nationalismen ëmmer méi un Terrain gewannen an de Risiko fir Eskalatioun a Krich klëmmt, an net ofhëlt, dat sinn Argumenter, déi an dësen Zäite politesch net korrekt sinn, an dofir ignoréiert oder souguer ënnerdréckt ginn.

Den däitsche Magazine "Spiegel" huet rezent ganz eescht d'Fro opgeworf, op Däitschland net misst zu enger Atommuecht ginn, fir e Gläichgewiicht ze garantéieren. Do froen ech mech, ob ech deen eenzege sinn, deen op kee Fall wëll wëssen, wéi dat ausgesäit, wann Däitschland mat Atombommen an de Krich zéie géif. Wat ass mat "Nie wieder Krieg" geschitt?

An dann eng Fro, déi an deem ganze Militärwahn kaum ee sech ze stelle schéngt. Wien ierft muer dat ganzt Arsenal, wat haut opgebaut gëtt? Wat ass wann Däitschland haut Atombomme baut, a muer ass d'AfD um Pouvoir? A Frankräich si mer bis elo ëmmer nach ganz neelech laanscht Le Pen komm, déi kann awer muer um décke roude Knäppche sëtzen, grad wéi den Trump geschwënn nees an de States. Déi Waffen, déi haut gebaut sinn, ierwe muer eng Partie Nationalisten, Radikaler a Mëller, déi net besser si wéi Putin a Co, also genee déi, géint déi mer eis mat deene Mëttelen ofséchere wëllen. Wär et do net besser heiansdo zweemol z'iwwerleeën, an och emol déi naiv Idealisten zu Wuert kommen ze loossen? Soss bleift eis just nach d'Bieden, oder, wéi mäi Frënd Berny aus Thailand seet: Mir brauchen e Wonner an ech gleewen u Wonner.