D'Wale fir d'EU-Parlament de 9. Juni sinn déi lescht vun de Superwaljoren 2023-2024. Och wann d'Europäesch Unioun dacks wäit ewech schéngt, sou ass se an eisem Alldag ganz present. Schonn eleng dowéinst ass et derwäert, sech fir déi Walen z'intresséieren, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Carte Blanche vum Michèle Schilt

EU-MythenWie kennt se net, déi faméis EU-Veruerdnung iwwert de Krëmmungsgrad vun de Kornischongen? Si gouf zum Synonym fir iwwerdriwwe Bürokratie a Geldverschwendung vun der Europäescher Unioun. Dobäi ass d’EU kee sou grousst bürokratescht Monster. Et misst ee sech just virstellen, wéi vill Opwand et wär, wa 27 Staaten hir eege Grenzreegelungen, Qualitéitsstandarden a Bestëmmunge fir Produiten, Medikamenter, Diplomer a.s.w. hätten. Och datt d’EU vill kascht, stëmmt net: Lëtzebuerg huet 2022 z.B: ronn 530 Milliounen abezuelt, fir der awer 2.800 rauszekréien. An zu de Kornischongen: d’Veruerdnung gouf et wierklech, ass awer 2008 zréckgezu ginn, obwuel Bauereverbänn an Handelsvertriedunge weider dofir waren: riicht Kornischonge loosse sech einfach besser transportéieren.

Komplex Decisiounsprozesser

Dat heescht awer net, datt d’EU keng Nodeeler hätt. Ugefaang bei hirem dach komplexe System vun Decisiounsprozesser, wou souwuel d’EU-Parlament (sou wéi bei eis d’Chamber), d’EU-Kommissioun (eppes wéi eng Regierung, mee awer mat anere Befugnisser) an de Minister-Rot (Ministeren a Ministerinnen aus engem bestëmmte Ressort, z.B. Agrikultur, Wirtschaft, Finanzen...) eng Roll spillen. Ouni den EU-Rot (déi 27 Regierungscheffen, déi allgemeng Richtlinne festleeën) ze vergiessen, deen och nach matschwätzt. Do ass et schwiereg, op een Nenner ze kommen.

Limitten ...

A wéi steet et ëm de Pouvoir vun de Biergerinnen a Bierger? Ganz iwwerzeegend schéngt dat och net, well mer den 9. Juni jo z.B. net iwwert d’Kommissiounsmemberen decidéieren (déi gi vun de Länner virgeschloen) an d'national Vertrieder*innen via Minister-an EU-Rot e ganz grousse Poids hunn. De Poids vun de Bierger*innen a Saachen EU läit also grad sou vill bei de 27 Nationalwale wéi bei den EU-Walen. Just, datt d’EU bei Parlamentswale seelen en Thema ass. D’Hiem ass ëmmer méi no wéi de Paltong.

Dobäi kënnt, datt d’EU och nëmmen iwwert déi Saache bestëmme kann, wou d’Staaten hir Befugnisser ginn hunn. Bei der Covid-Kris wär eng koherent europäesch Strategie sécher hëllefräich gewiescht, mee d’EU däerf bei der Gesondheet guer net matschwätzen. Dat gëtt nationalstaatlech gereegelt.

... an e Koup Virdeeler

Bei alle Limitte soll een d’Virdeeler awer net vergiessen. Ech kann ouni Problem en Daachdecker aus der Belsch komme loossen, Orangen aus Spuenien kafen, iwwert d’Grenz akafen, studéieren oder souguer wunne goen, de Roaming kascht mech näischt, ech muss bal ni Geld wiessele fir duerch Europa ze reesen an do gëtt et eng Plaz, wou Leit sech fir mech de Kapp zerbriechen iwwert Dateschutz an Articial Intelligence. Natierlech géif et och ouni d’EU goen, mee besser sécher net, dat mierkt Groussbritannien zënter dem Brexit méi wéi däitlech. An d’Britte géifen haut anescht stëmme wéi deemools. Datt d’EU net alles reegelt, ass jo och eng gutt Saach: sou bleiwe landesspezifesch Emstänn weiderhin um Radar, dat kënnt engem klenge Land wéi Lëtzebuerg ze gutt. Sou wéi de Fait, datt sech d’Länner zënter de 50er d’Käpp just nach am iwwerdroene Sënn aschloen. Datt eis déi Virdeeler erhale bleiwen a vläicht nach anerer dobäi kommen, dofir brauch een ee staarkt EU-Parlament, wou d'Deputéiert sech – bei alle Schwieregkeeten - fir konstruktiv Léisungen asetzen an net probéieren, den EU-Projet ze torpedéieren. Dofir ass et wichteg, datt ee sech informéiert an iwwerleet, wou een den 9. Juni seng Kräizer mécht.