Wo ass de Client drun no Covid bei verschiddenen groussen Entreprisen? Steet en nach am Mëttelpunkt oder verbréngt en ëmmer méi seng Zeit an der Wardeschläif um Telefon? De Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen heizou.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Hänkt Dir och a leschter Zäit ëmmer méi oft, wann der probéiert eng grouss Entreprise unzeruffen, wéi zum Beispill Banken, Post an aner grouss Institutiounen an der berüümt-berüchtegter Wardeschläif, wou Dir oft laang, ganz laang, ...... an nach méi laang waarde musst.

Hutt nach e bësse Gedold weg. Mir si gläich fir Iech do.

Ech hunn den Androck, a vill Leit aus mengem Bekanntekrees och , dass zanter der Covid-Pandemie, wou Leit net op déi verschidde Platzen aus deene bekannte Grënn konnte goen, dës Approche leider genau esou weidergeet, wéi virdrun. De Service um Client an den Accueil vum Client ass weider komplizéiert an esouguer de Client oft an eng Positioun vun engem "Bittsteller" gesat gëtt.

Hutt nach e bësse Gedold weg. Mir si gläich fir Iech do.

Déi Direkt Nummere vu Responsaablen vum Dossier kritt der net méi. Ëmmer nees vun neiem, den obligatoresche Passage iwwert eng Telefonszentral bleift iech net erspuert. Hei kritt een oft eng Partie Recommandatiounen, duerno villäicht spéider e Responsaablen, a wann net, den Opruff dach dann e Mail ze maachen.

Hutt nach e bësse Gedold weg. Mir si gläich fir Iech do.

Jo, d‘Welt huet geännert zanter an duerch Covid-19-Pandemie. Den technologesche Fortschrëtt geet weider. Dëst soll awer net verhënneren, dass vill Betriber mat groussem Publikumsverkéier net aus hirer bal Lethargie sollen eraus kommen an de selwechte Standard a Qualitéit hire Clientë sollen ubidde wie virun der Pandemie. Villäicht esou guer e besseren.

Wéi zum Beispill gemeinsam Plattformen tëschent de Finanzinstituter wo ee Client seng Demanden no sengem Choix bei méi Banken an enger Kéier kann zougänglech maachen, bei Prêten, Successiounen; deemno säin Dossier eng eenzeg Kéier muss preparéieren, e sougenannten once only. A besonnesch de Client nees a de Mëttelpunkt vun der Aktioun stellen.

Hutt nach e bësse Gedold weg. Mir si gläich fir Iech do.

Vill vun eis hu keng Gedold méi. Mir sinn awer nach ëmmer Client

Mee oft hu mer keen anere Choix.