Dir erënnert iech sécherlech nach un déi grouss Streikbeweegungen an den éischte Méint vum Joer an Däitschland. Betraff ware virun allem di däitsch Eisebunn, awer och d’Lufthansa, d’Flughäfen, den ëffentlechen Stroossentransport a.v.m.

Dat war sécherlech keng einfach Zäit fir di schaffend Leit awer och fir d’Bierger am allgemengen. Den Hannergrond vun dëse Streike waren d’Wettmaachen, iwwert Tarifverträg, vun der Inflatioun aus deene leschte Joren.

Eis däitsch Kolleegen hunn eng aner Kollektivvertragskultur wéi mir. Iwwregens eis franséisch a belsch Kolleegen och.

Hei gehéiert eng zolidd Streikkultur zu de Verhandlungen tëschent den Sozialpartner. Fir d’éischt Warnstreik an duerno befristen oder onbefriste Streik.

Hir Tarifofschlëss leien och e gutt Stéck méi héich wéi bei ons.

Di däitsch Memberschaft an de Gewerkschaften ass gutt. Si muss och gutt sinn, fir esou Streikbeweegungen ze organiséieren an och duerchzehalen.

Hei steet eendeiteg de Wëlle vun de schaffende Leit am Vierdergrond.

Vum selwen léisst sech de Loun vun den Arbeitnehmer net ofsécheren an och sozial Verbesserungen net duerchsetzen.

Mir hunn do eng aner Kultur. Mir verhandelen a wa mir eis streiden vermëttelt d’Regierung. Esou laang wéi mir eng Regierung hunn, di zu der Sozialpartnerschaft steet. Dat muss awer net ëmmer esou sinn. Dofir brauch een eng staark Gesetzgebung, déi de Verhandlungswee tëschent Gewerkschaften a Patronen leet. An eng staark Gesetzgebung, déi de Konfliktfall versicht ze leeden.

Eng Gewerkschaft ass an der Sozialpartnerschaft ëmmer dat schwächste Glidd. Dofir muss eng Gesetzgebung och hei e Schutz duerstellen.

Mir kenne Verhandlungen, mir kennen eng Schlichtungsprozedur a mir kennen de Protest bis zum Streik.

Eist Kollektivvertragsgesetz ass aus dem Joer 1965, also bal 60 Joer al.

An der Tëschenzäit ass munches geännert, net alles. Awer mir brauchen Upassungen un haut. De Kollektivvertrag, de Branchëvertrag, d’allgemeng Verbindlechkeet, d’Schlichtungsprozedur, d’Friddensflicht an de Streik mussen op d’Lee geholl ginn. D’Prozedure musse kritesch hannerfrot ginn.

Mir mussen eis Kultur erhalen a schützen.

Nieft der Tripartite (si ass och reformbedierfteg) an dem Index ass d’Kollektivvertragswiesen e wichtege Feiler vun eiser Gesellschaft a vun eiser Wirtschaft.

Eng Reform brauch se allemol.