"Vum grousse Gruef"

"La grand fossé" oder firwat zitt sech am Lëtzebuerger Schoulsystem zënter enger gefillter Éiwegkeet e Gruef tëscht der Primärschoul an dem Lycée. Wat den Astérix domadder ze dinn huet a wou de Schong dréckt bei der Orientatioun an Evaluatioun vum zukünftege mëndege Bierger. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
"La grand fossé" oder firwat zitt sech am Lëtzebuerger Schoulsystem zënter enger gefillter Éiwegkeet e Gruef tëscht der Primärschoul an dem Lycée. Wat den Astérix domadder ze dinn huet a wou de Schong dréckt bei der Orientatioun an Evaluatioun vum zukünftege mëndege Bierger. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Déi meescht vun Iech kennen "De grousse Gruef" als 25. Album mat deenen zwee Protagonisten, dem Astérix an dem Obélix mam Originaltitel "Le Grand Fossé".
Dës Geschicht aus dem Joer 1980 gëtt et och op lëtzebuergesch - allerdéngs net als Iwwersetzung vun der Bande déssinée, dofir awer als e vun den Dauerchantieren an der Education nationale, also der nationaler Bildungspolitik. Riets geet vum Gruef, dee sech tëscht deenen zwee groussen Ordre d'enseignement zitt. Engersäits d'École Fondamental, also Primärschoul, an anerersäits den Enseignement Secondaire, also de Lycée, och nach plazeweis Kolléisch genannt.
Am Géigesaz zum Uderzo senger Versioun, wou op all Säit vum Gruef en anere Chef ass, gëtt et heiheem nëmmen ee Big Boss oder eng Big Lady, den zoustännege Minister. Do denkt ee sech, da misst déi Saach dach einfach sinn. Den Dossier gouf wuel einfach viru laanger Zäit leiegelooss an duerno ganz vergiess. Wann et jo just ee Chef gëtt da kann dat, mat bëssi guddem Wëllen, just eng Saach vun - wann iwwerhaapt - e puer Méint sinn. Mir tippen de Grouf zou oder fëllen en - wei beim Astérix - mat Waasser op, bauen e puer Brécken a kafen och nach dat engt oder aner Solarboot an d'Saach ass gekläert. Mir bräichte mol keng "potion magique", fir de Problem ze léisen.
Schéi wier et. Den Dossier ass méi komplex. Et gëtt nëmmen een Zäitfënster am Joer, wou déi zwou Säiten iwwerhaapt mateneen a Kontakt kommen – bei der Orientatioun. Do entscheet sech a wéi en Haus de Schüler no senger Zäit op der Riviera, also dem Ufer, vum Fondamental op der Säit vum Lycée anzitt. Eng komplex Affär, déi esouguer dem Panoramrix säi moderne Pendant op der Plang rifft: de Psycholog. Ass een als Elteren net averstane mat deem, wat d’Runen gesot hunn, kann e wuel Asproch aleeën – woubäi déi ganz Prozedur dach vill un den "laisser-passer A-38" aus dem Film "Les Douze Travaux d’Astérix" erënnert.
Am Uergsten ass Diskrepanz am Logement. Op der Säit vum Primär si Gebaier oft nei, hell a voller didaktesch-pedagogeschem Unterrechtsmaterial. Hei komme Schippelcher an Deckelsmouken op Welt; et geet an de Bësch a Backstage an den Theater a Kino. Eng Schoul, déi eppes op sech hält, huet op d'mannst ee Schoulhond. De Moto ass: eng Plaz fir all Kand a jiddwereen no sengem Rhythmus. Hei gëtt sech gekëmmert.
Déi aner Säit an de Lycéeën ass alles éischter verkëmmert. Gebaier sinn dach zur Majoritéit an engem triste Gro gehalen, souzesoen een nostalgeschen DDR-Look. An de Säll kee Pouster, näischt Perséinleches - d’Mehrzweck-Halle léisst gréissen. Ee positiv Léierklima muss ee sech selwer denken. Just bei den Hënn – där goufen och schonns e puer gesinn. Wärend um europäeschen Niveau e fräien Aarbechtsmaart besteet, muss ee sech hei fir eng Säit entscheeden – nix mat Beweegungsfräiheet. Op der enger Säit Generalisten, ob der anerer Spezialisten. Ass iergendwou e Lach – do gëtt et amplaz vun der "potion magique" eng "solution magique": de Quereinsteiger.
Den Highlight si Kompetenzen. Op der Säit vum Primär si Kompetenze sougenannt "Socle". Wann een eppes guer net kann, dann ass de Socle net erreecht, also non-atteint – Basta! Op der aner Säit vum Gruef ginn aus de Sockelen Notte. De fréiere "socle non-atteint" mécht a bemol 50% - also d’Hallschent - vun der Evaluatioun aus. Op Lëtzebuergesch vun 1-29 ass de Sockel net areecht also eng "Note insuffisante", oder nach emol op Lëtzebuergesch: eng Datz! A well et sou ass, soll et och sou bleiwen. E klasseschen naturalistesche Feelschloss – net deen eenzegen d’ailleurs.
Beim Uderzo huet eng affaire d’amour dozou gefouert, dat déi Saach mat Grouf en Enn krut – an deem heite Fall ass et mat enger einfacher Hochzäit wuel net gedoen. Deemno ee Gruef à suivre.