Haut beschäftegt sech d’Magali Paulus mat den Europawalen. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Eng Carte Blanche vum Magali Paulus

Europa, eng Festung oder e pazifistescht a solidarescht Ideal? Eng neoliberal Federatioun vun Nationalstaaten oder en Ideal baséiert op humanistesche Valeur’en? E vun den Haaptresponsabele vum Klimawandel den seng Responsabilitéiten net hellt oder e Virreider am Kampf géint de Klimawandel? Dir kennt iech virstellen dass ech ëmmer déi 2. Äntwert er-auswielen. Dat ass nämlech meng Iddi, mäin Dram vun Europa. Wann ech misst wielen ob ech mech als Europäerin oder Lëtzebuergerin fillen, hätt ech Tendenz Europa als Identitéit virun eng national Identitéit ze setzen. Ech mengen dat ass spezifesch fir esou kleng Län-ner wéi Lëtzebuerg, déi ouni d’Existenz vun Europa weder existéiere géingen, nach ier-gend en Impakt kéinten hunn. Wann mir verschidden Idealer vun Europa wëlle stäerken, da kenne mer dat den 9. Juni maachen. De Reseau Climate Action Europe huet mat aneren Ëmweltorganisatiounen e Scoring vun all den EU Parlamentarier hiren Voten während der aktueller Legislatur ge-maach. De Scoring bewäert hiert Ofstëmmverhalen an 30 politeschen Dossieren, déi wich-teg Klima-, Energie- an Ëmweltvirschrëften ëmfaassen. 12 Dossieren hunn sech op eng klimaneutral a sozial gerecht Transitioun konzentréiert, 8 op en naturfrendlescht Europa an 10 op Kreeslafwirtschaft an Nullverschmotzung. CAN huet 3 Kategorien opgestallt: d’Protecteur’en, d’Procrastinateur’en an d’prehistoresch Denker. De lenke Spektrum vun de Parteie fënnt sech beim 1. Grupp, den Zentrum beim 2. an alles wat méi riets ass fällt an dei 3. Kategorie1. Bloom kennt op déi nämmlecht Resultater, huet just seng Kategorien anescht genannt: Builders, Hypocrites an Vandals2. Ech fannen déi Analysen a Choix vun Nimm vu Kategorië ganz kloer an determinant, dofir wollt ech déi haut mat iech deelen. Et ass wichteg déi néideg Informatiounen ze hu fir eng bewosst a responsabel Entscheedung ze huelen.

Wann mir eng gerecht social ekologesch Transitioun wëllen, de Klimawandel bekämpfen, eis Responsabilitéiten huele vis-à-vis vun deenen déi elo schonn un den dramatesche Konsequenze vum Klimawandel leiden, eng liewenswäert Äerd fir déi nächst Generati-oune wëllen, da musse mer e konsequente Choix den 9. Juni maachen, en den d’Natur an d’Liewe schützt an eng gerecht Zukunft baut.

Ech well weider un den Dram vun Europa gleewen a mech fir seng Realisatioun asetzen, well et ass nach net ze spéit.