Wéi eng Bedeitung huet d'Europawal fir d'Handwierk?

Dozou e puer Iwwerleeunge vum Direkter vun der Chambre des Métiers, dem Tom Wirion.
D'Bedeitung ass méi grouss wéi vill vun ons dat mengen. D'EU wierkt oft wäit ewech. Villäicht läit dat un dem institutionelle Kader an de komplexen Decisiounsprozesser.
Fakt ass awer, datt mëttlerweil déi meescht wirtschaft politesch Decisiounen zu Bréissel geholl ginn. Dofir ass d'Kompositioun vum Europaparlament esou wichteg. D'EU brauch Deputéierter, déi d'Wirtschaft a virun allem d'Handwierk an de Mëttelstand wierklech verstinn.
Schliisslech stelle PMEen an Europa méi wéi 99% vun de Betriber a méi wéi 60% vun den Aarbechtsplazen duer. Si sinn d'Réckgrat vun der europäescher Wirtschaft an de Motor fir Wuesstem, Innovatioun, Beschäftegung a sozial Kohesioun.
Vill vun den 24,3 Millioune Kleng- a Mëttelbetriber soen, säit enger gefillten Éiwegkeet, datt de permanenten Zouwuess u Reegelen a Bürokratie hir Konkurrenzfäegkeet a Fro stellen. De 14. September 2023 huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen annoncéiert, déi Abberzuel vu Meldeflichten, déi d'PMEen ze erfëllen hunn, ëm 25% ze reduzéieren. Kléngt gutt. Et ass awer leider net déi éischt Annonce an dësem Sënn. An um Terrain ass bis dato net wierklech eppes ukomm.
Apropos Reegelen. Wann op EU-Niveau legiferéiert gëtt, da si global opgestallte Konzerner d'Referenz fir déi gesetzlech Standarden an net d'PMEen. Eigentlech onverständlech, well just 0,2% vun de Betriber an Europa si Grousskonzerner.
Firwat dofir d'Logik net ëmdréien, andeems déi gesetzlech Standarde sech un de PMEen orientéieren, mat spezielle Reegele fir Grousskonzerner, do wou néideg.
Déi "One size fits all" gesetzlech Standarde si problematesch, well se droen der Diversitéit vun de betribleche Realitéite vun de PMEen aus dem Handwierk an aus den anere Secteuren net Rechnung a belaaschte si iwwerduerchschnëttlech. Dëst, obwuel et oft net d'Handwierksbetriber, mee d'Grousskonzerner sinn, déi den Ausléiser vun neien EU-Reglementéierunge sinn. Stéchwuert Liwwerkettegesetzgebung oder déi néi EU-Direktiv iwwer den Nohaltegkeetsreporting.
An am Géigesaz zu Grousskonzerner sinn d'Handwierksbetriber an Europa verwuerzelt a kënnen net einfach hiren Standuert an Drëttstaaten delokaliséieren, fir konkurrenzfäeg ze bleiwen. Wann dëst net méi ginn ass, da verschwanne si einfach vum Marché.
Nieft deene villen Erausfuerderungen, mat deenen d'EU aktuell konfrontéiert ass, ass de reglementareschen an administrative "Wildwuchs" eng eeschthaft Gefor. Dofir ass d'Europawal eng Schicksalswal: Wëlle mir an den nächste Joren nach méi Bürokratie? Oder baue mir déi vill Blockaden of, fir esou an der Zukunft an engem konkurrenzfäegen an zukunftsfeste Kontinent kënnen ze liewen an ze schaffen? D'Handwierk ass prett. Ech hoffen, d'Politik ass et och!