Babel oder Jerusalem?

Iwwermuer ass Päischten. Wéi dat Fest entstan ass a wat et bedäit, ass haut net méi esou kloer. Iwwerleeungen dozou an enger Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
Päischten ass e chrëschtlecht Fest, dat sech op en aalt jüddescht Fest grefféiert – gehéiert also zur jüddesch-chrëschtlecher Traditioun.
Dat éischt chrëschtleche Päischtfest war zu Jerusalem virun 2000 Joer, esou beriicht d'Apostelgeschicht an der Bibel. Do waren all méiglech Nationalitéiten zesummekomm a goufen duerch Gottes Geescht ugefeiert. Esou befligelt, konnt jiddereen deen anere verstoen a koum et zu enger grousser Fraterniséierung an interkommünotärer Harmonie – Antipod gewëssermoossen zum Tuermbau vu Babel, déi aner Geschicht aus der Bibel. Zu Babel haten d'Konstrukteuren ze grouss gesinn. Duerch hir Iwwerhieflechkeet koum et zu engem vëllege Chaos an engem Sproochewirrwar. Dat huet all Zesummewierken an domat d'Fäerdegstelle vum berüchtegten Tuerm verhënnert: e Symbol vun der Mënschheet, déi – politesch a sproochlech – ausenaner dividéiert ass.
Hei zu Lëtzebuerg liewe méi wéi 170 Nationalitéiten zesummen. Fuert emol mat engem Stater Bus, do ginn all méiglech Sprooche geschwat – heiansdo och esouguer Lëtzebuergesch! Ech froe mech: Wéi ass et méiglech, dass dëst eist Zesummeliewen ouni gréisser Komplikatiounen oder Konflikter iwwer d'Bün geet? Ass et Babel oder Jerusalem? Jiddefalls halen ech et fir e klengt kosmopolitescht Wonner, dass et esou reiwungslos funktionéiert. Jiddereen huet duerfir seng Erklärung. Ass et tatsächlech eisen ekonomesche Wuelstand, deen den Zement derfir liwwert?
Net ze ënnerschätzen awer och, dass déi verschidde Reliounen a reliéis Gemeinschaften op eisem Territoire gutt mateneen duerkommen. Do gëtt et keng nennenswäert Spannungen. Symbolträchteg kënnt dat zum Ausdrock am Te Deum, dee mer Nationalfeierdag an der Kathedral ofhalen, all Joer – elo nees an engem gudde Mount. Do si méi an ënnerschiddlech Reliounensvertrieder einträchteg beieneen a bréngen hir jeweileg Traditioun mat Gebieder an Texter an. Dat ass da wierklech, wéi deemools zu Jerusalem, Päischten, wou een den aner versteet a se all, zur gréisseren Éier vun deem do uewen an zum Wuel vun der Gesellschaft, gudde Wëll a Versteesdemech weisen ee fir den aneren.
Georges Hellinghausen