Weltdag ouni Tubak

Text iwwer d‘Fëmmen bei de Jonken am Kader vum Weltdag ouni Tubak
Am Kader vum Weltdag ouni Tubak froen ech mech wéi laang mir et nach zouloossen, dass eis Kanner an eis Jugendlecher duerch d‘Fëmmen hir Gesondheet op d’Spill setzen?
D’Zuele schwätzen fir sech a sinn alarmant, well et ëmmer méi Jugendlecher ginn, déi ufänke mat fëmmen. Se sinn a voller Pubertéit a sichen no hirer eegener Identitéit. Well si vum Drock vun de Kolleegen, de Medien an enger Gesellschaft, déi Tubak normaliséiert, beaflosst ginn. Wéi vill vun eis wëssen, verursaacht Fëmmen net nëmme Kriibs a schro Krankheeten, mä reduzéiert och d'Chancen op e laangt an zefriddent Liewen.
Hei zu Lëtzebuerg fëmme 35% vun de Jugendlechen tëschen 16 a 24 Joer all Dag oder geleeëntlech. Dat ass méi ewéi 1 vun 3! D’Banalisatioun vum „Vapotage“ ass och e risege Problem. D’Proportioun vun de Jugendlechen déi sech fir d’E-Zigarette interesséieren ass och staark an d’Luucht gaangen an eisem Land. Déi nei Produiten um Maart maache Suergen, well de Puff an d’Nicotine Pouch sinn net nëmmen ëmweltschiedlech, mee erlaben de Jugendlechen den Tubak ze testen an doduerch rutschen se an den Ufank vun der Ofhängegkeet.
Zu Lëtzebuerg ass glécklecherweis 2021 d'Initiativ "Generatioun ouni Tubak" lancéiert ginn, mam Zil, dass Kanner, déi ab 2040 gebuer sinn, net mam Tubak a Kontakt kommen. Des Initiativ ass vun der Fondation Cancer zesummen mat 37 Partner lancéiert ginn.
Fir dësem Zil gerecht ze ginn, sinn direkt 6 Moossnamen ausgeschafft ginn :
- De Präis vun allen Tubaksproduit‘en all Joer an d’Luucht ze setzen
- Preventiounscampagnen geziilt fir di Jonk ënnerhuelen
- All Form vum Reklamm verbidden am Zesummenhang mat Tubak
- Disponibilitéit vum Tubak allgemeng erofzesetzen
- D’Bevëlkerung besser vum passive fëmme schützen
- Eng strukturéiert Hëllef ubidden fir effizient opzehalen mat fëmmen
De Kampf géint de Tubak ass e Kampf fir eis Zukunft. All Eltere, all Léierpersoun, all Bierger huet eng Roll ze spillen. Jidderee kann a soll Verantwortung iwwerhuelen an eng aktiv Roll iwwerhuelen an der gudder Gesondheet vun eise Kanner. Si hu Recht op e Liewen ouni Tubak an engem bessere gesondheetleche Kontext.