A senger "Carte blanche" kuckt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist op d’Europawalcampagne vu bis elo zréck

Do hätt een den Androck, dat d'Politik net capabel ass, aus ale Feeler ze léieren.

Jonker sollen nees dreeme kënne vun Europa. D’Leit sollen nees Loscht op Europa kréien. Dëst an nach villes méi ass dee bal missionaresche Credo vun de Politiker am Walkampf fir d’Sëtz am Europaparlament.

Pardon? Hunn ech do eppes falsch verstanen. Wien huet et dann esou wäit komme gelooss, dat Europa do ukomm ass, wou et elo steet?

Verdeedegungspolitesch an enger méi ewéi schlechter Verfassung.

Wirtschaftspolitesch wäit ewech vun aneren Acteuren, déi d’Nues vir hunn an d’Spillreegelen um internationale Plang diktéieren.

Sozialpolitesch am Schleekentempo ënnerwee, wann et ëm eenheetlech Standarden a Solidaritéit ënnerenee geet.

Aussepolitesch ganz oft zerstridden an net op enger Linn.

Au contraire: Nationalpolitesch Agendaen a Prioritéiten dominéieren d’Aussepolitik vu ville Memberstaaten. Dobäi gëtt et keng Alternativ zu Europa an der politescher Integratioun.

Fir d’Leit ze iwwerzeege brauch een awer gutt Argumenter an eng koherent Haltung. Am Beschten zu 27. An da brauch een och déi richteg Leit, déi matrappen, déi fir Europa an eng koherent Politik stinn.

Apropos Leit, do sinn um nationale Plan e puer Saachen, déi net grad fir Koherenz schwätzen. Et ass scho bal eng Frechheet fir e Parlament ze kandidéieren, an ze soen, et wier een net sécher e Mandat unzehuelen. Anerer kandidéieren iwwerhaapt net a wëllen een héijen, jo esouguer den héchste Posten an der EU. Dat ass net nei. Awer et bleift fir de Bierger net novollzéibar.

Dat gëllt och fir de Positionnement géintiwwer Rietsextremen. Eng Zesummenaarbecht muss hei einfach klipp a kloer ausgeschloss ginn. Ech sinn definitiv keen Europa-Pessimist, et wier allerdéngs un der Zäit, dat déi, déi Europa sech iwwer 10, 20, 30 Joer dohin entwéckele gelooss hunn, wou et haut steet, Feeler zouginn, Konsequenzen zéien an Anere Plaz maachen. Eng nei Dynamik, mat neie Leit, déi aus ale Feeler léieren an nei Impulser setzen, géif Europa gutt doen.