Festung Europa 2.0

Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert Verschäerfung an der Asylpolitik.
Ee leschten Donneschdeg huet Médecins sans frontières (MSF) zu Lëtzebuerg een detailléierte Rapport iwwert d’humanitär Käschte vun der Europäescher Migratiouns-Politik virgestallt.
Iwwer zwee Joer goufen Donnéeën an Temoignagë ronderëm d’Mëttelmier an an Europa zesummegestallt.
Sie weisen, wéi bei all Schrëtt vun der Migratiounsrees a Richtung a bannent der EU, d’Gesondheet, d’Wuelbefannen an d’Dignitéit vun de Betraffenen systematesch ënnergruewe ginn - duerch déi gewaltsam Asyl-Politik, déi d’EU an d’EU Memberstaate praktizéieren.
An den Aën vun MSF a vu villen aneren Hëllefsorganisatiounen, wäert d’Reform vun der Gemeinsamer Europäescher Asylpolitik, déi kuerz virum leschte Chrëschtdag gestëmmt gouf, d’Mënscherechter vun de Flüchtenden weider massiv aschränken.
Tatsächlech bréngt d’Reform virun allem eng reegelrecht Oprëschtung un de Baussegrenzen, mat Iwwergangssituatiounen, wou 30.000 Leit gläichzäiteg kënne festgehale ginn, wärend do dann Asyl-Schnellverfare stattfannen.
Gläichzäiteg ginn a goufen Ofkomme mat Drëttstaate wéi der Tierkei, Tunesien an Ägypten ausgehandelt, wou dann déi ofgeleente Flüchtlinge sollen ausgeliwwert ginn.
Nëmmen ee ganz klenge Brochdeel vun deene weltwäit iwwer 110 Millioune Mënschen op der Flucht sichen an Europa no Schutz.
Et ass och gewosst ass, dass eise Kontinent iwwereelst an an Zukunft op eng pro-aktiv Awanderungspolitik ugewisen ass.
Trotzdeem huet sech dat politescht Klima an de leschte Jore gedréint : um rechtse Bord hunn sech populistesch Parteie Gehéier verschaaft, déi Migratioun zum Haaptproblem an Europa erkläert hunn.
Déi bis wäit an d’politescht Mëtt matgedroen Aschränkung vum Asylrecht gëtt dëse Kräften elo weideren Opdriff: bei de Europawale wäerten si zouleeën, a weider Stëmmung maachen.
Statt Milliarden an d’Oprëschtung un de Grenzen, brauche mer méi Moyene fir d’mënschewierdeg Begleedung vun de Flüchtenden, awer och fir eng global Approche déi den Ursaache vun den forcéierten Deplacementer, déi weltwäit zouhuelen, entgéintwierkt.
Et ass keen Zoufall, datt déi, déi an de Flüchtenden dee gréisste Problem gesinn, sech gläichzäiteg fir manner Kooperatiounsshëllef ausschwätzen an sech mat Hänn a Féiss géint Mesuren am Beräich Klimaschutz wieren.
Festungsmentalitéit verenkt just de Bléckwénkel, léist awer kee Raum fir Gedanken un eng besser a - virun allem - gemeinsam Zukunft.