Vill Associatiounen an Institutiounen hu sech an der lescht mam Thema Kanneraarmut zu Lëtzebuerg befaasst. Sief dat d’Deputéiertechamber, d’Caritas oder och den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. An dat zu Recht, well leider ass et en Thema mat dem een sech am räiche Lëtzebuerg muss befaassen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.

Carte Blanche vum Sylvain Hoffmann

Zu Lëtzebuerg sinn d’Kanner massiv dem Aarmutsrisiko ausgesat. Den Aarmutsrisiko miesst déi relativ Aarmut, vergläicht also Kanner a méi aarme Menagë mat Kanner aus méi räiche Menagen: all 4. Kand ass zu Lëtzebuerg dem Aarmutsrisiko ausgesat, 30.000 Kanner sinn dat laut Unicef, 30.000, Tendenz steigend.

Just 8 Länner vun deenen 39 wou d’Unicef gekuckt huet, hu méi en héijen Aarmutsrisiko fir Kanner wéi Lëtzebuerg, dorënner d’USA, Kolumbien an d’Türkei. Mir sinn op der 24. Plaz an der EU.

Dat ass wierklech schlecht a fir sech ze schummen.

An dat eleng ass an sech  scho schlëmm genuch wéi den däitschen Aarmutsfuerscher Butterwegge viru kuerzem hei op dëser Antenne gesot huet, well déi relativ Aarmut och ganz belaaschtend ass.

Besonnesch Kanner géifen dorënner leiden, well si sech permanent vergläichen, a souguer ënnert relativer Aarmut kéinte méi staark leide wéi ënnert absolutter Aarmut.

Mee och an absolutten Zuelen ass d’Kanneraarmut zu Lëtzebuerg massiv präsent: 8% vun de Kanner mussen op materiell Saache verzichten déi lo kee Luxus sinn: eng gutt Ernärung, en zweet Puer Schung, Spillsaachen oder Reese mat der Schoulklass. Op der 13. Plaz an der EU sti mer do laut Eurostat, och net super.

Sou Saache si sécherlech net einfach ze verkrafte fir kléng Kanner deenen hier Kolleegen sech dat ouni weideres kënne leeschten. An et ass sécher och net einfach fir d’Elteren.
An dee Problem ass hausgemaach: d’Unicef weist nämlech och dass zu d’Lëtzebuerg d’Efficacitéit vun de Sozialtransfert’en an deene leschten 10 Joer am drëttmeeschten ofgeholl huet.

Déi successiv Regierungen zu Lëtzebuerg hunn an deene leschten 10-15 Joer d’Kannergeld verschlechtert. Et war desindexéiert vun 2006 bis 2021 obwuel an engem Accord mat de Gewerkschaften 2014 schonns d’Reindexéierung festgehale gouf. Do besteet bis haut e Retard vun 8%.

Et ass och soss ni ugepasst ginn.

Et ass souguer fir déi Kanner déi no 2015 gebuer sinn an der Moyenne erofgesat gi fir « familles nombreuses ». Duerfir ass d’Explosioun beim Aarmutsrisiko fir Famille mat ville Kanner vun 20 op 35% praktesch virprogramméiert gewiescht.

An wann een d’Kannergeld mam Referenzbudget fir Kanner, dee vum Statec gerechent gëtt, vergläicht, geet d’Kannergeld net duer fir déi Ausgaben ze decken déi e Kand brauch, virun allem wann d’Kanner méi al ginn.

An duerfir ass en Deel vun der Léisung fir géint d’Kanneraarmut virzegoe relativ einfach a léit op der Hand:: d’Regierung muss d’Kannergeld substantiell erhéijen.

Fir déi déi soen dat wier net gerecht dass och d’Kanner vun deene Räiche méi kréie muss ee soen dass d’Kannergeld e Recht vum Kand ass an da muss och all Kand dat selwecht kréien. An d’Gerechtegkeet kréie mer ganz einfach doduerch dass mer déi räich Elteren méi besteieren.
A fir déi déi soe wat kascht dat: et kascht manner wéi honnert Millioune fir zum Beispill de Retard vun deenen 8% tëschent 2014 an 2021 opzehuelen.

Fir dat an de Kontext ze setzen: déi geplangte Baisse vun der Betribsbesteierung 2025 kascht kuerzfristeg wäit iwwert 150 Milliounen.

Et ass also einfach eng Fro vu politesche Prioritéiten, an do waren déi rezent Aussoe vum Premierminister jo eigentlech kloer…