Kanneraarmut ass en Thema!

© RTL-Grafik
Kanneraarmut zu Lëtzebuerg muss eescht geholl ginn. Wa mir konsequent handelen, dann investéiere mir an eng besser Zukunft fir ons all. Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Caritas Letzebuerg.
Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg geet just an eng Richtung: an dat ass erop. Déi neitsten Zuele vum STATEC weisen eng Hausse vum generellen Aarmutsrisiko. An och, oder virun allem, bei de Kanner.
All 4t Kand zu Lëtzebuerg riskéiert an Aarmut opzewuessen. Dat sinn ëmmerhin iwwert 30.000 Kanner.
Am EU Verglach sti mir, als räicht Lëtzebuerg, domat op der 24ter Platz. Dat ass näischt fir sech ze bretzen!
E puer Festellungen: Kanner sinn aarm well hier Elteren aarm sinn. Aarm Kanner ginn aarm Teenager an dono aarm Erwuessener. Intergenerationell Aarmut ass eng Realitéit zu Lëtzebuerg.
E besonnesch héije Risiko an Aarmut opzewuessen, hu Kanner vun Elengerzéiender. Hei leie mir bei iwwert 43 Prozent ! All 5t Kand zu Lëtzebuerg, befënnt sech an engem Stot mat just engem Elterendeel. Duebel sou vill wéi an Holland oder an der Schwäiz. Des Stéit hunn eng dräifach Erausfuerderung : Manner Akommes, héich Ausgaben, virun allem wéinst dem Logement, a manner Zäit fir hier Kanner.
Zu Lëtzebuerg ass et quasi onméiglech, wann een als elengerzéiende vollzäit fir de Mindestloun schafft, net an d’Aarmut ze falen. Souguer wann een all Sozial Hëllefe kritt.
An aneren europäesche Länner si virun allem Kanner vun Aarmut betraff, wou d’Eltere wéineg oder guer net schaffen. Zu Lëtzebuerg hu mir eng aner Situatioun : hei hu mir den héchste Risiko - an der Eurozon – fir Kanner an Aarmut opzewuessen, wou d’Eltere vollzäit schaffen.
Déi administrativ Vereinfachungen déi dës Woch ugekënnegt goufen, sinn e Schratt an déi richteg Richtung.
Et ass gutt dass erkannt gouf, dass mir elo endlech mussen handelen. Fir eng déifgräifend Verännerung brauche mir awer och konsequent Moossname fir d’Inegalitéiten ze reduzéieren. Well d’Aarbecht scho laang net méi virun Aarmut schützt, musse mir och iwwert eng konsequent Opwäertung vum Mindestloun nodenken.
An dat virun allem fir eis Kanner.
D’Aarmut huet net nëmmen en negativen Impakt op all Aspekter vum Liewe vum Kand, mä et huet och en ekonomeschen a finanziellen Impakt op eist Land. Wa mir näischt ënnerhuelen, gi Lëtzebuerg all Joers eng
geschaten 3,6% vum Bruttoinlandprodukt duerch d’Läppen. Wa mir awer eppes ënnerhuelen, da kenne mir de Spiess ëmdréinen. De sougenannte return on invest gëtt op 5 bis 7 geschat.Dat heescht fir all Euro de mir am Kampf géint Kanneraarmut investéieren, hätte mir e finanzielle Retour vu 5 bis 7 Euro. An eng méi liewenswäert Gesellschaft fir ons all. Mä virun allem fir eis Kanner.