Mir loossen ons Europa net futti maachen

Bei den Europawale vu viru gläich zwou Wochen ass dat geschitt, wat mer all gefaart hunn. A ville Memberstaaten hu populistesch Parteien, vu rechts bis extrem rechts, d’Wale gewonnen.
Et gëtt dobäi awer oft iwwersinn, dass déi nationalistesch Parteien an Dänemark, Schweden oder a Finnland d’Wale verluer hunn. An och a Polen huet déi rietskonservativ PIS-Partei u Support agebousst, genee wéi dem Fico seng Partei an der Slowakei. Esouguer an Ungarn ass d’Ënnerstëtzung fir den Orbán zeréckgaangen.
Dat heescht awer beileiwen net, datt de populisteschen Trend nëmmen e kuerzzäitege Phänomen ass, besonnesch wann ee gesäit, wéi vill jonk Leit sech vun esou Tendenze verféiere loossen.
Vill gesinn dat, wat Europa erreecht huet, als selbstverständlech un: Fridden a Fräiheet sinn einfach do. Et gëtt vergiess, wiem mer dat haut ze verdanken hunn. Et ginn Extremisten, déi esouguer den Holocaust leegnen.
Dat ass net nëmmen erschreckend, mee ganz geféierlech.
Déi Kräfte probéieren elo, d’europäesch Errongenschafte vu bannen ze zerstéieren, andeems se op d’Souveränitéit vun de Staate pochen.
Heescht dat, dat muer all EU-Land seng Grenzen nees kann zoumaachen? Heescht dat, dass d’Handelsfräiheet an de Kapitalverkéier, genee wéi d’Press an d’Meenungsfräiheet, erëm ageschränkt ginn, an dass d’Justiz net méi onofhängeg ass? Heescht dat, dass d’Chancëgläichheet erëm réckgängeg gemaach gëtt, an dass Minoritéite wéinst hirer Relioun, hiren Originnen, hirer Hautfaarf oder wéinst hirer sexueller Orientatioun net méi geschützt ginn?
Bei der Verdeedegung preconiséiere Vertrieder vun extrem rietsen an extrem lénke Bords d’Souveränitéit vun de Staaten. Heescht dat, dass d’Ukrain z.B. net an hirem Kampf fir d’Iwwerliewen ënnerstëtzt soll ginn?
All dës Gefore si reell. Et brauch ee sech nëmmen déi restriktiv Politicken aus de leschte Joren, z.B. an Ungarn oder a Polen, unzekucken.
Zum Gléck hunn déi demokratesch Kräften awer d’Majoritéit bei den Europawalen am Parlament behalen. Si sinn elo gefuerdert, fir hir politesch Differenzen - och an zemol, wat d’Postebesetzunge betrëfft - op d’Säit ze setzen, fir net nëmmen ons Acquisen ze verdeedegen, mee fir en Europa fir alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger ze stäerken. D’Defie sinn enorm a kënnen nëmmen zesumme solidaresch gemeeschtert ginn. D’Politik dierf op kee Fall probéieren, fir d’Rad zréckzedréinen. Dat wier déi falsch Decisioun a géing op d’Käschte vum Fridden a vun der Fräiheet goen. An domadder op d’Käschte vun ons all.