Europawal

De Fernand Fehlen kënnt haut op d’Resultat vun der Europawal zeréck a wëllt op strukturell Aspekter vum Vote opmierksam maachen, déi normalerweis an de Kommentare wéineg berücksichtegt ginn.
Bei onsen däitschen a franséischen Noperen ass et zu engem däitleche Rietsruck bei den Europawale komm. Wann den ADR mat zwee Prozentpunkte vill manner wéi d’AFD oder de Rassemblement National gewënnt, ass dat Resultat dach eng grouss symbolesch Victoire fir hien, well e fir d’éischt e Sëtz am Europaparlament kritt. Do schléisst en sech enger Fraktioun un, an där een och déi post-faschistesch Fratelli d‘Italia an aner nationalkonservativ, rietspopulistesch an EU-skeptesch Parteie sinn, wéi déi spuenesch Vox an déi polnesch PIS. Dëst ass sécher kee Pluspunkt fir d’international Renommée vun onsem Land, zu deem senger Geschäftsgrondlag och seng Oppenheet, Toleranz an Diversitéit gehéiert.
Wann een d’Resultat vun deenen eenzelene Parteien op Gemengenniveau méi genau mat de statistesche Methode vun der Géographie électorale ënnert d’Lupp hëlt, kann ee feststellen, datt d’Electorat nach ëmmer an dräi grouss Bléck zerfält, déi sech och geographesch festmaache loossen. Den Thomas Piketty, deen esou en Exercice fir Frankräich gemaach huet, schwätz vu Classe géosociale a vertrëtt d‘Thees, datt déi real Liewensbedingunge méi e groussen Afloss op de Vote hunn, wéi déi ideologesch Ausernanersetzungen.
Graff gesinn, kann ee bei ons dräi Polen ënnerscheeden. Fir d’éischt de Minett, deem sech aner Stied, wéi Wolz, uschléissen. Hei hunn d’LSAP an och déi Lénk hir Héichbuergen. Dann zweetens, d’Haaptstad mat hirem Speckgürtel a weider méi räich Gemengen, wou d’DP an déi Gréng iwwerproportional vill Stëmme kréien. An drëttens, grosso modo de Norde vum Land, wou d’ADR a d’Piraten iwwerrepresentéiert sinn. D’Elektorat vun der CSV ass méi gläichméisseg verdeelt, awer an den Aarbechtergéigenden ënnerrepresentéiert.
De Succès vum RN an der AFD baséiert op dem reale bzw. gefillten Declassement vu ganze Géigenden an hiren Awunner. Dank dem allgemenge Räichtum, der Klengheet vum Territoire an der Tatsaach, datt vill vun deenen, déi wéineg verdéngen, kee Walrecht hunn, kann ee bei ons nach keng esou staark Polariséierung feststellen.