Geet et net och anescht am Kampf géint d'Wäisswäsche vu Geld?

De Kampf géint d’Wäisswäsche vu Gelder bréngt mat sech datt de Client vun enger Bank vill a schwéierfälleg Formalitéiten erfëlle muss. Dat stéisst op vill Onverständnes. An dëser Carte Blanche gëtt d’Fro opgeworf, ob et wierklech néideg ass bei klengen a bescheidenen Persounen an Associatiounen esou genee ze reglementéieren. Misst do net de Prinzip vun der Proportionalitéit gëlle wéi en och an anere Fäll ugewant gëtt.
Krimineller, a besonnesch déi, déi am Drogenhandel aktiv sinn, erwirtschaften oft kolossal illegal Profitter déi se da versichen duerch de Bankesystem wäisszewäschen. Dernierft gëtt de Bankesystem och nach vun Terroriste mëssbraucht fir hier kriminell Aktivitéiten ze finanzéieren.
Fir deem Mëssbrauch entgéint ze wierken, goufe streng anti-Blanchiment Bestëmmungen agefouert déi d’Banken applizéiere mussen, wat ee groussen administrativen Opwand, also och vill Onkäschte, mat sech bréngt.
Et fält op, datt d‘Banken dat och mat grousser Suergfalt ausféiere wat jo och deelweis verständlech ass. Wann déi Bestëmmungen net genee agehale ginn, da kann d’Bank vun der Bankenopsiicht ugesicht ginn a riskéiert héich Strofe mussen ze bezuelen. Wann dat de Fall ass, da gëtt och vill an den ëffentleche Medien doriwwer geschriwwen.
Deen Opwand mierkt de Bierger spéitstens wann hien ee Kont op enger Bank opmécht. Dat ass ëmsou méi schwéier verständlech, wou dach an de meeschte Fäll et sech ëm een einfache Compte courant handelt mat oft wéinegen Operatiounen.
Och gemengnëtzeg Associatiounen hu schonn änlech Erfarunge misse maache wat déi staark an hiren Aktivitéiten hënnert. Bei deene kënnt dann nach derbäi, datt déi oft mat Korrespondenten zesummeschaffen déi a sougenannte Risiko-Länner aktiv sinn. Et ass fir déi Associatioune ganz schwiereg fir Geld an esou Länner ze iwwerweisen.
Wann een elo déi gigantesch Zomme bedenkt déi z.B laut der Weltbank all Joer wäissgewäsch ginn - et geet Rieds vu bis zu 2000 Milliarden Euro - dann ass et schwéier verständlech wéisou een sech esou staark op Leit an Organisatioune konzentréiert déi nëmme ganz bescheide Mëttelen hunn.
Misst dann net an esou Fäll d‘Proportionalitéit’s Prinzip applizéiert ginn? Gëtt net op der falscher Plaz penibel genee reglementéiert? Déi Froe muss ee stelle wann een da gesäit datt d’Resultater am Kampf géint Wäisswäsche vu Geld an dem Finanzement vum Terrorismus dach éischter bescheide sinn.
Et geet hei drëm datt esou vill wéi méiglech bescheide Leit a kleng Associatiounen, déi sech näischt ze reprochéieren hunn, am traditionelle Bankesystem aktiv kënne sinn ouni groussen Opwand.
Sollten dann awer suspekt Operatioune gemaach ginn, dann ass et fir d’Banke relativ einfach fir déi festzestellen an den Autoritéite matzedeelen an da kann d’Bank och déi Bankkonten spären.
Michel Maquil
Fräie Wirtschaftsberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse