A senger Carte Blanche schwätzt den Ex-Deputéierte Jean Huss iwwer rezent an onsécher Zäiten.

Et ass jidderengem bekannt, datt mer zanter 4 - 5 Joren eng ganz Rei vu beonrouegenden Evenementer a Krisen hu missen materliewen, déi eisen Alldag bis haut nach staark belaaschten.

Carte Blanche vum Jean Huss

Ugefaangen hat et 2019 mat gréissere Krisewarnungen op den internationale Finanzmarchéë virun engem méigleche globale Finanzcrash, gläich dono ufanks 2020 koum du wéi aus dem Näischt déi sougenannte Corona-Pandemie mat all hire libertiziden, gesellschaftleche Konsequenzen. Eng Kris, déi leider bis haut nach ëmmer net onofhängeg an transparent analyséiert an opgeschafft ginn ass an dat obschonn et an 2 Motioune vun eiser Chamber vu Mäerz 2023 a Mee 2024 esou gefuerdert an decidéiert gi war. Dora war och gefuerdert ginn, datt eng transparent Debatt an der Chamber misst stattfannen, ier d'Regierung den ëmstriddenen neie Pandemieverträg vun där haut grad esou ëmstriddener Weltgesondheetsorganisatioun WHO dierft zoustëmmen. Bis haut ass leider a Saache Coronakris-Oparbeschtung net vill geschitt!

Et freet ee sech firwat!

Um Schluss vu Corona koum dunn de Krich an der Ukrain, dono de Gaza-Krich a méi rezent nach aner onerfreelech Entwécklunge wéi international Ëmwelt- a Gesondheetsskandaler, de Wëssenschaftssträit ronderem d'Ursaache vu Klima- a Wiederkatastrophen an esou weider. Wat mir perséinlech awer och Suerge mécht, dat ass an de leschte puer Joer eng schläichend Aschränkung vun der Meenungsfräiheet an engem demokratesche Meenungspluralismus an esou munche gréissere Medien.

Fir mech bleift haut allerdéngs déi wichtegst Fro, d'Enn vun den aktuelle Kricher an déi absolut Noutwendegkeet vum Fridden. Ouni Fridden no baussen an no bannen ass alles anescht näischt wäert an dofir bräichte mer onbedéngt op alle Säiten e Stopp vu militärescher Oprëschtung, vun ëmmer méi a méi geféierleche Waffeliwerungen. An amplaz dovunner endlech och e Stopp vun alle Krichshandlungen an den Ufank vu Friddensverhandlungen, fir zu éierleche Kompromësser a Friddensléisungen ze kommen.

An de fréien 80er Joren an och nach dono gouf et och esou munch bedreelech Situatiounen, déi ganz schlecht hätte kënnen ausgoen. Deemols gouf et allerdéngs international ganz staark Friddensbeweegungen, déi massiv Drock op d'Politik gemaach haten, fir Friddensverhandlungen ze erzwéngen. Wou sinn haut allerdéngs all déi Friddensinitiativen, déi dringend gebraucht géifen, fir dat Schlëmmsten ze verhënneren?