Een intelligente Mietendeckel

D'Situatioun um Locatiounsmarché spëtzt sech ëmmer méi zou. Et gi wéineg bis guer keng nei Wunnenge gebaut. An de Loyer vun deenen, déi do sinn, geet weider an d'Luucht. A senger Carte Blanche proposéiert de Gilles Hempel ee méiglechen Auswee aus der Situatioun.
Déi nei Regierung huet elo an enger éischter Phase d’Reform vum Bail-à-Loyer-Gesetz ouni neie Mietendeckel op den Instanzewee bruecht. Mat deem Mietendeckel, deen déi viregt Regierung proposéiert hat, war och kee wierklech zefridden. Deen hätt déi al Wunnenge méi deier gemaach an den Invest a nei Wunnengen manner attraktiv.
Di gutt Mesuren aus dem Projet de loi kennen elo zäitno a Kraaft trieden. Entre-temps sinn d’Präisser um Locationsmarché explodéiert. Dofir brauche mir onbedéngt a ganz séier ee Mietendeckel. Een aneren. Een intelligente Mietendeckel, deen d’Interesse vun de Locataire schützt, den Invest an de Steen awer net behënnert.
Wéi kéint esou een intelligente Mietendeckel ausgesinn?
Ech proposéiere folgendes: Fir den Invest a nei Locatiounswunneng méi attraktiv ze maachen, get de maximale Loyer déi éischt 25 Joer duerch ee variabelen Prozentsaz um investéierten Kapital definéiert. Dee Prozentsatz orientéiert sech um jeeweils gültegen Zënssaz. Esou ass séchergestallt, dass de Proprietäre säin Invest rentabiliséiert kritt.
No deene 25 Joer, wann d’Wunneng ofbezuelt ass, gellt ee maximale Quadratmeterpräis. Jee no Regioun 12 bis 15 EUR. Dat gellt da fir all Wunneng, déi méi al ass wéi 25 Joer.
Bei engem Wiessel vum Proprietäre gëtt de Compteur net op Null gesat. Just nei Investissementer, wéi zum Beispill Renovatiounen oder energeetesch Sanéierungen, kenne valoriséiert ginn an op de Quadratmeterpräis dropgeschloe ginn. Esou ass sechergestallt, dass de Propriétaire weiderhin a seng Wunneng investéiert.
Alleguer d’Wunnenge déi méi al wéi 25 Joer sinn, géifen esou op ee Coup fir vill Leit erëm erschwénglech ginn.
Den Invest a nei Wunnengen, deen hei favoriséiert gëtt, kéim och dem Bau an dem Handwierk zegutt. Déi brauchen Aarbecht.
Mir hätten domat ee gudde Mix aus neie Wunnengen, déi e bësse méi deier sinn a méi al Wunnengen déi ee bësse méi bëlleg sinn.
Déi eng, sougudd wéi di aner, gi gesicht a gebraucht, am ganze Land.