Reglementatioun huet hire Präis

© RTL-Grafik
An der Carte blanche vun haut mécht de René Winkin d’Relatioun tëscht Reglementatioun a Präis-Deierecht a mengt, dass Europa op laang Dauer riskéiert deier ze bezuelen.
2021 goung eng staark a laang Inflatiounswell domadder un, dass et an der Industrie, ganz um Ufank vu wichtege Wertschöpfungsketten, zu Käschtenexplosioune komm ass, déi dunn hire Wee bis bei den Endkonsument fonnt hunn.
An de leschte Jore fält och op, dass esou Präiseffekter dacks politesch gedriwwe sinn an ech wëll d’Effekter vun de Sanktioune géint Russland hei bewosst ausklameren.
Di lescht Joren hu Kommissioun, Conseil an EU-Parlament a kierzter Zäit ee risegt, restriktiivt an opwennegt Reegelwierk produzéiert, dat probéiert, dem europäeschen Nohaltegkeets-Usproch gerecht ze ginn, ma awer och d’Käschte fir Produktioun an Europa eropdreift an Importer verknappt a verdeiert.
Hei am EU-Fachjargon een Echantillon vun Texter, déi zanter 2020 ugeholl goufen oder a Kraaft getruede sinn:
Corporate Sustainability Due Diligence Directive
Non-Financial Reporting Directive, spéider Corporate Sustainability Reporting Directive
European Sustainability Reporting Standards
Green Claims Directive
EU Taxonomy for Sustainable Activities
Sustainable Finance Disclosure Regulation
EU regulation on deforestation-free products
EU-Emissions trading system revised directive
Carbon border adjustment mechanism
Conflict minerals
Extended Producer Responsibility
Dës Texter an den domadder verbonnenen administrativen Opwand hunn d’Potenzial, fir Europa iwwer Jore méi deier ze maachen an d’Aktivitéit an der EU ofzebremsen. Vill Betriber ginn doduercher fragiliséiert, respektiv si komme guer net méi no.
D’Iddi, fir elo Produkter aus Drëttstaaten duerch Verbueter an Taxen grad esou deier ze maachen ass jo gutt gemengt a ka plazeweis och wierken, ma an der Breed applizéiert géif dat d’Deierecht zousätzlech undreiwen an eis Handelspartner géifen natierlech och Géigemoossnamen op onsen Exporter huelen.
D’Fro, déi sech fir dat kommend EU-Mandat stellt, ass, ob d’Institutioune wëllen domadder weiderfueren, fir hir gutt gemengten Usiichten an enger Abberzuel vu Reglementer an Direktiven ze zementéieren an domadder Produktioun an Handel hire Stempel opzedrécken. D’Fro, di sech och stellt, ass, ob d’EU iwwerhaapt déi wirtschaftlech Kraaft huet, fir sech domadder duerchzesetzen, ouni sech selwer an de Knéi ze schéissen.
Mir maache nach 17% vum weltwäite PIB aus, Tendenz no ënnen. Mir dinn eis schwéier, strategesch Wetschöpfungsketten an der EU opzebauen oder ze behalen an et gëtt keng Eenegkeet driwwer, wéi d’Unioun sech bei Handelskonflikter par rapport zu anere staarke Wirtschaftsreim soll verhalen.
Ob dat duergeet?