D’Konzept vun enger "Brandmauer" oder engem "Cordon sanitaire" géint Riets ass um Enn, mengt d’Schrëftstellerin Elise Schmit. En Opruff fir méi politesche Sträit.  

Just nach 40 Prozent vun de Leit an Däitschland hunn d’Gefill, si kéinten hir politesch Meenung fräi äusseren.[1] Den Taux war a 70 Joer net esou niddereg. Uganks den 90er Joren haten nach no bei 80 Prozent keng Bedenken. 

Carte Blanche vum Elise Schmit

Zu Lëtzebuerg ass zwar déi politesch Affinitéit souwisou bal eppes wéi de Glawen, eng reng Privatsaach, déi een am beschte fir sech behält. An awer wonneren ech mech, dass ech mol net mat enger Persoun méi no bekannt sinn, déi sech um politesche Spektrum riets géif anuerdnen. Oder op d’mannst mat kenger, déi mir dat verréit. Dobäi huet bei de leschten Nationalwale méi wéi all Zéngte seng Stëmm fir eng riets Partei ofginn.

Ech sinn domat net eleng. Mir streiden anscheinend net méi genuch iwwert Politik. An enger demokratescher Gesellschaft, déi op näischt méi wéi um Austausch vun Iddie berout, ass dat e rise Problem. 

Dofir ass och d’"Brandmauer" respektiv de "Cordon sanitaire" e problematescht Konzept.[2] Eng Brandmauer bedeit, dass een de Leit op där anerer Säit net wëllt nolauschteren an hinne kee Sputt am ëffentleche Raum wëllt loossen. Soulaang sech déi sozial Blosen net beréieren, geet dat vläicht gutt. Mee wéi fuere mer virun, falls net méi all Zéngte riets wielt, mee – wéi an Däitschland oder a Frankräich – éischter all Véierten oder all Drëtten? Wéi fënnt een do nach politesch Majoritéiten, déi eppes kënnen ëmrappen? Wéi geet een am Alldag mateneen ëm? A wéi versteet een iwwerhaapt, a wéi enger Wierklechkeet déi Leit do op där anerer Säit ënnerwee sinn?

En Deel vum rietse Rand huet d’Diskussioun natierlech scho laang verlooss. Dat si Politiker, déi an aller Ëffentlechkeet Fakten als Meenunge bezeechnen[3] oder bei Etüden, déi hinnen net an de Krom passen, direkt d’Wëssenschaftlechkeet vun der Analys bezweifelen[4]. Och wie géint Begrëffer polemiséiert, déi en net ze erkläre weess[5], kann een ouni schlecht Gewëssen a sengem rietsen Eck stoe loossen. Mee sech der Diskussioun prinzipiell ze entzéien, a sief et an der Iwwerzeegung, dass ee Recht huet, ass fir jiddereen, deen un engem demokratesche System intresséiert ass, eng immens schlecht Iddi. Och richteg Meenunge muss een zur Diskussioun stellen. A falsch Meenunge muss ee widderleeën, an zwar net just vis-à-vis vun deenen, déi et souwisou scho wëssen. Politik gehéiert primär net a Commentairen op Facebook , zoue WhatsApp-Gruppen oder a Stories op Instagram, mee an de richtegen ëffentleche Raum.

Wee sech mat mir wëllt austauschen, ka mer gären e Mail schreiwen. Ech si liicht ze fannen.[6] 


[1] Dat ass d’Resultat vun enger Ëmfro vum däitschen Allensbach-Institut:http://www.mediatenor.com/images/library/reports/Freiheitsindex_2023.indd%20-%20Freiheitsindex_2023_web.pdf (fir d’lescht opgeruff de 7. Juli 2024).
Dës
Ëmfro gëtt säit ronn 70 Joer gemaach; virun der Wende allerdéngs just a Westdäitschland.

[2]D’Zäitschrëft forum huet an enger Stellungnam esou e „cordon sanitaire“ annoncéiert: https://www.forum.lu/article/plaedoyer-fuer-ein-cordon-sanitaire-gegenueber-der-adr/ (fir d’lescht opgeruff de 7. Juli 2024).

[3]Sou de Fred Keup den 3. Oktober 2023 um Mikro vum Rick Mertens um Radio 100komma7 als Reaktioun op dem Journalist seng Recherche iwwert e Posting vum ADR-Member Dan Hardy op WhatsApp. De Fred Keup ass net vu senger Positioun ofkomm, de Screenshot, iwwert deen de Journalist geschwat huet, wier eng „Meenung“, och net, nodeems dee sot: „Mee dat ass keng Meenung, dat ass e Fakt.“

[4]Esou d’Alexandra Schoos, am Interview mam François Aulner de 27. Mäerz 2024. Op hir schwaach Platzéierung am Polit-Monitor sot d’Parteipresidentin vun der ADR: „Déi Ëmfro, wéi gëtt déi genau gemaach a wéi neutral ass déi?“ Am selwechten Interview huet d’Alexandra Schoos ënnerstallt, dass Ëmfroen iwwert Ongerechtegkeeten géint Minoritéiten um Aarbechtsmaart op Ideologie berouen, an net op Fakten.

[5]D’Alexandra Schoos huet de 27. Mäerz 2024 am Interview vum François Aulner op RTL op d’Fro, wat d’ADR mat „woke“ géif mengen, gesot: „An dann ass et awer éischter, dass mer géint all Verbuet si vun iergendwéi Zensur an haaptsächlech an de Medien.“ Si huet duerno vu „Cancel Culture“ geschwat. Si huet net gesot, wat si oder soss een an der ADR mat „woke“ mengt.

[6]www.eliseschmit.com/kontakt