Sinn ech e "gudden" Tourist?

Wou geet et dëst Joer an d'Vakanz? Dat ass an de Summerméint déi Fro déi am heefegsten opkënnt. Déi meescht vun eis freeë sech op méi oder wéineger exotesch Vakanzendestinatioune fir dem Alldag z'entkommen a sech verwinnen ze loossen. Reesen ass ëmmer méi einfach an accessibel a Reesen erweidert de perséinlechen Horizont. U séch eng gutt Saach, mee… ? Eng Carte Blanche vum Christiane Bram.
Aner Kulture kenneléieren, an der fräier Natur entspanen, nei Aktivitéiten ausprobéieren oder grouss Metropole mat prickelendem Liewen erkënnegen, Reesen ass dat natierlechst vun der Welt, egal ob no oder wéit, mam Vëlo, zu Fouss, mam Auto, Fliger oder Schëff. Onofhängeg vum Genre vu Vakanz a vun der Destinatioun stellt sech ëmmer méi d’Fro: Sinn ech e « gudden » Tourist?
D’Vakanz a fräi Zäit ass do fir eppes anescht ze maachen wéi dat wat den normalen Alldag eis bréngt. Mir wëllen ofschalten a schéi Momenter verbréngen an och eppes derzou bäisteiere fir lokal Ekonomien, ländlech Regiounen a kulturell Räichtemer z’ënnerstëtzen.
Mee leider gëtt et och d’Récksäit vun der Medaile. Duerch de massiven Opschwong vum Tourismus an der Mobilitéit am Allgemengen, si mëttlerweil verschidde Stied a Regioune gezwongen den Zougang ze limitéieren, fir hiert Kulturgutt oder d’Natur z’erhalen. Venedeg ass dat bescht bekannte Beispill wou den Ustuerm vu Leit muss kontrolléiert ginn, fir dëss eemoleg geografesch Location ze schützen. Nodeems Amsterdam jorelaang aktiv fir Touriste geworben huet, hu misse Limitatiounen op Flich a Schlofméiglechkeeten agefouert ginn, fir de Massentourismus anzeschränken. Och zu Barcelona hunn d’Awunner kierzlech protestéiert, well se an hierer eegener Stad net méi kenne liewen. D’Präisser vun de Wunnechte sinn onbezuelbar an d’Aarbechtsconditiounen net méi akzeptabel. Ausstellunge vu grousse Kënschtler sinn an e puer Stonne vun internationalen Touristen ausgebucht, ouni dat Leit déi am Land selwer wunnen, d’Méiglechkeet hunn dohinn ze goen. Eenzegaarteg Ecken an der Natur ginn op sozialen Netzwierker gepost, mat der Konsequenz dat eng Onmass vu Leit dohi reest, just fir Liken ze generéieren. Si hannerloossen sou en enorme Foussofdrock, ouni sech fir Land a Leit z’interesséieren.
Déi grouss Unzuel vu Visiteuren an Deplacementer bedeit engersäits e reelle Risiko dat souwuel den immaterielle wéi de materielle Patrimoine verännert oder zerstéiert gëtt. Ugangs positiv Entwécklungen duerch den Tourismus, wéi de wirtschaftlechen Opschwong an domat verbonnen Investitioune fir d’Zukunft, gi reduzéiert duerch komplementar Léisungen déi iwwer online Plattformen ugebuede ginn, mee leider net nohalteg zum Erhale vun enger Stad oder engem Patrimoine bäidroen.
Anersäits stellt sech onauswéichlech d’Fro vum CO2-Ofdrock vun eiser Vakanz an dem ekologesch responsaablen Tourist. D’Iwwerleeungen zu engem « gudden » Tourist gi wéit iwwer den Ëmweltaspekt eraus. Sozial Responsabilitéit an d’Protektioun vum Patrimoine mat all senge Facetten, si genau sou wichteg wéi säin Offall mathuelen an näischt futti maan.
D’Globaliséierung erméiglecht eis et relativ einfach a präiswäert vun A op B ze kommen, wat souwuel den Austausch tëscht Kulture wéi de Respekt an d’Toleranz ënnerstëtzt. Mee musse mir alles mat eegenen Aen gesinn? Déi spannend Technologië vun haut bidden impressionnant Ablécker a Museeën, Naturphenomener, architektonesch Wonner an aner Zivilisatiounen, sou wéi mer et reell guer net kéinten erliewen. Villäicht hëlleft och dat eis e besseren Tourist ze ginn?