High-end Art @MNHA zum Präis vun dräi Neel

Am esou genannten Art-Eco-System zu Lëtzebuerg deet sech eppes. Konsequenzen hei dovunner sinn zanter dem Ufank Juli am MNHA ze gesinn. De Marc Hostert (Ekonomist) mat enger Carte blanche zu dësem Sujet.
Lescht Woch gouf am Nationalmusée um Fëschmaart eng sougenannte Leihgabe dem Public virgestallt, déi et konschthistoresch a sech huet, nämlech e vun den éischten Triptiquë vum Francis Bacon mam Titel “Three Studies for Portrait of George Dyer", dem Francis Bacon säi Partner a Protagonist.
Dëst Konschtwierk ass den Experten no e Blue-chip vun der moderner Konscht, deemno eng Valeur sûre, déi fir 55 Milliounen Dollar vun enger Lëtzebuerger Societéit mam Numm Art Share 002 kaf ginn ass a vun Artex op der Bourse zu Liechtenstein gehandelt gëtt. 55.000 Aktien à 1.000 Dollar si vun dësem Konschtwierk am Handel.
Den Art-Eco-System zu Lëtzebuerg huet duerch seng Spezialisten am juristesche Beräich hei Hand mat ugeluecht, dass dëse Montage méiglech war. Nach aner lëtzebuergesch Societéite vu Verwaltung a Gestioun vun Aktiven hunn och matgehollef, dass et méiglech war, dës Transaktioun duerchzeféieren, déi de strikte Reegele vun der Finanzplaz ënnerläit.Wat Provenienz vum Wierk ugeet, ass all due Diligence duerchgefouert ginn.
Virdeeler vun dësem Typ vun Operatioune si villfälteg:
Éischtens fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ass dëst eng Méiglechkeet, seng Aktivitéiten ze diversifiéieren am Konschtsecteur, wëssend, dass zanter dem Brexit vill Aktivitéiten och aus dësem Beräich vu London zeréck an Europa kommen a Lëtzebuerg en Art-Eco-System huet, deen attraktiv ass.
Zweetens fir den eenzele Konschtamateur oder Investor ass dës och eng Méiglechkeet, sech bei engem Konschtwierk aus der moderner Konscht anzekafen a vu senger Evolutioun kënnen ze profitéieren. Dëst bei engem Wierk, wat fir en eenzele kaum nach bezuelbar wär; esou ze soen eng Demokratiséierung vum Konschtmarché.
Drëttens an dëst ass fir mech perséinlech déi gréisst Retombée. Dat ikonescht Wierk steet dem Publikum aus dem Land a wäit doriwwer eraus am Nationale Musée zur Verfügung. Duerch dës Leihgabe gëtt d’Attraktivitéit vum Musée, awer och vun de Kollektiounen am Musée a vun de Lëtzebuerger Wierker gestäerkt a méi attraktiv. Just dräi Neel, fir Biller opzehänken, si gebraucht ginn a keng extra Këschte sinn op Lëtzebuerg zoukomm. De Musée huet et fäerdeg bruecht, sech innerhalb vun 3 Méint fit a flott ze maachen, fir dëst Wierk fir op d'mannst zwee Joer opzehuelen an dem Public zougänglech ze maachen.
Dës Approche dierft deemno eng win-win Situatioun fir de ganzen Art-Eco-System zu Lëtzebuerg ze sinn.
An dësem Sënn, fir Konscht a Kultur, wënschen ech eis all a schéine Summer an Zäit fir eng Visitt am national Musée oder a bei enger anerer Kultur-Manifestatioun !