Ech sinn entsat, wann ech héieren, dass et Stëmme ginn, déi fuerderen, dass d'AfD an den däitschen Bundeslänner Sachsen an Thüringen misst regéieren, fir de Wielerwëllen ze respektéieren. 

Eng Carte Blanche vum Anne Brasseur

Ech wor immens erféiert, wéi ech héieren hunn, dass d’ADR-Presidentin op dëser Antenne gesot huet, d’AfD misst natierlech kënne regéieren, well si wier jo demokratesch gewielt ginn a rietsextrem Politik géing hir keng Angscht maachen.
 
Wéi kann een esou esou eppes behaapten, wann ee weess, dass d’AfD:

  • An Däitschland vum Verfassungsschutz observéiert gëtt an an hire Reien eng Abberzuel un Neonazie zielt, déi dowéinst scho viru Geriicht verurteelt gi sinn.
  • Verschidde Memberen huet, déi den Holocaust verleegnen.
  • Eng Partei ass, déi de Klimawandel verleegent.
  • Verlaangt, dass Auslänner mussen „remigréiert“, dat heescht Heem geschéckt ginn, an oppe rassistesch Positioune vertrëtt.
  • Eng russlandfrëndlech Partei ass, déi géint Ënnerstëtzung vun der Ukrain ass a Mandatairen huet, déi noweislech vu Russland bestach gi sinn.
  • Wëll virschreiwen, wéi eng Famill soll zesummegesat sinn.
  • Ganz oppen homophob a géint d’LGBTQ+ Communautéit ass.
  • Den Ëmgang mat der Pandemie als Corona-Diktatur bezeechent.
  • Leit bewosst veronséchert a Konspiratiounstheorië verbreet.
  • Zensur géintiwwer de Press ausüübt an domat oppe géint d‘Meenungs- an d’Pressefräiheet ass.

Et kënnt een hei riicht virufueren mat Verstéiss géint déi elementaarst Mënscherechter a Mënschewürd.
 
Dass den ADR duerch hir Presidentin enger Partei wéi der AfD de Réck stäipt, a seet, rietsextrem Politik géing hir keng Angscht maachen, ass enorm geféierlech. Mir wëssen aus der Geschicht, zu wat esou eng Haltung geféiert huet.
 
Ëmmer nees falen ADR-Mandatairë mat ruckelzegen an inacceptabelen Aussoen an de soziale Medien op, a wëllen esou ausloten, wéi wäit een nach méi no riets ka goen.
 
Et kann een nëmmen hoffen, dass dat der Presidentin vum ADR net esou bewosst ass an, dass si nach eng Kéier doriwwer nodenkt.
 
Zu enger Demokratie gehéieren nämlech net nëmmen d’Walresultater, mee och de Respekt vun de Mënscherechter an dem Rechtsstaat. 
 
Dofir ass et net nëmmen d’Aufgab, mee och d’Flicht vun allen demokratesche Parteien, dat heescht déi, déi d’Mënscherechter an de Rechtsstaat verdeedegen, ob se vu lénks, der Mëtt oder vu rechts sinn - zesumme Léisungen ze fannen, fir dass d’Fräiheet vun ons all weider garantéiert bleift.