Extrem geféierlech

A senger "Carte blanche" vun haut beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist mat der politescher Situatioun a Frankräich an der Gefor vun den Extremer.
No wochelaangem Hin an Hir hunn eis franséisch Noperen endlech nees e Premierminister. Zwar ouni richteg Majoritéit, mee ëmmerhi mat der Chance net direkt nees vun der Assemblée nationalen ofgewielt ze ginn.
Um Ball bleiwen a Frankräich awer déi béid politesch Extremer. Lenks ewéi riets.
Dat ass am Fong d’Resultat vun der Ära Macron mat sengem Credo vun eppes Neiem.
Aus dem "ni de droite ni de gauche" gouf elo eng politesch Landschaft, an där Melenchon a Le Pen d’Agenda diktéieren an esouguer gutt Chancen hunn, sech am zweeten Tour vu Presidentschaftswalen 2027 (oder méi fréi) ze begéine.
Aarmt Frankräich.
Dobäi sinn Extremisten a Populisten net nëmmen am Hexagon ënnerwee Richtung politesch Muecht.
Beispill Däitschland: Eng AFD mat hirem bekennende faschistesche Leader Höcke gëtt éischt politesch Kraaft an Thüringen. Thüringen ass net Däitschland an dach: et ass en Zeechen dofir, dat eppes schif leeft.
Engersäits ass dëst wuel d’Resultat vun enger net konsequenter Ausernanersetzung mat de Positioune vun de Extremisten.
Ausernanersetzen ass dobäi net verbal ze verstoen. Et ass d’konkret Handele vum demokratesche Spektrum. Do ginn net déi Akzenter gesat, déi d’Wieler sech erwaarden. Wa d’Politik mat hiren Äntwerten an d’Erwaardunge vun de Bierger net beienee passen, gëtt de Raum fir déi Leit mat de radikale Léisungen ëmmer méi grouss.
Dobäi kennt, dat d’Grenzen tëschen de Parteien ëmmer méi flou ginn an een den Androck net lass gëtt vun engem ofgehuewenen Mainstream vun der politescher Klasse. Dat ass en No Go fir vill Leit. Parteie mussen dofir hire Profil schäerfen, prett sinn, aus ënnerschiddleche Positioune Kompromësser maachen, an des och erklären. Einfach, éierlech a konsequent.