Grenzen, déi eigentlech keng Grenze méi sinn, an trotzdeem

Säit der Nokrichszäit ass et fir Lëtzebuerg eng Prioritéit, datt déi europäesch Nopeschlänner zesummenhalen an eng gemeinsam Visioun fir Zukunft entwéckelen an ëmsetzen.
Als ee vun de Pères fondateurs vun der CECA souwéi vun der Europäescher Unioun ass dëst e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Politik. An dach gëtt et nach sou munch Onkoherentes. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
Zënter dem europäesche Bannemaart sinn d’Gesetzgebunge vun de Memberstaaten a ville Gebidder openeen ofgestëmmt ginn an de Schengener Accord huet och d’Grenziwwergäng mat eisen Nopeschlänner no an no verschwanne gelooss. Parallel dozou huet d’Groussregioun iwwer d’Jore Form ugeholl an ass an enger ganzer Rei Domänen zesummegewuess op Basis vu politeschen, ekonomeschen a soziale Realitéiten. Op europäeschem Niveau gëtt dës grenziwwerschreidend regional Kooperatioun reegelméisseg als Musterbeispill zitéiert, wéi Länner konstruktiv zesummen, iwwer hir national Limitten eraus, d’Potenzial vu Regiounen ausschëpfe kënnen.
Déi emblematesch Grenzhaisercher stoungen nach laang op de geographesche Linnen, déi d’Grenz mat Däitschland, der Belsch a Frankräich symboliséiert hunn, a ware mat méi oder wéineger Liewe gefëllt. Mee och eent vun dëse leschte Kontrollhaisercher ass mam Autobunnschantier zu Fréiseng enger vergréisserter transnationaler Haaptverkéiersachs gewaacht.
Sou géif ee mengen, datt an där ganzer Zäitspann och d‘Zesummenaarbecht am Beräich vun den ëffentlechen Infrastrukturen, Reseauen a Landesplanung tëscht de Länner sech kontinuéierlech verbessert hätt. Leider muss een am Alldag ëmmer nees feststellen, datt d’Koordinatioun mat eisen Nopeschlänner op verschiddene Sujeten net au point ass.
Reese mam Zuch sinn ee Beispill: wéi kann et sinn, datt ech mam Fliger aus dem Zentrum vu Schweden an annerhallwer Stonn zu Frankfurt ukomm sinn, an da mam Zuch 6 Stonne gebraucht hunn, fir vum Flughafen zu Frankfurt op Lëtzebuerg ze kommen? Dat ass nëmmen eng rezent Situatioun vu villen, déi ech änlech erlieft hunn. An de meeschte Fäll ass et nach ëmmer méi schnell a manner deier, fir mam Fliger vu Lëtzebuerg aus an aner grouss Stied ze reesen, wéi mam Zuch ze fueren. Wa mer wierklech eppes wëllen un der Klimasituatioun änneren, ass dat ee wichtege Secteur, wou vill méi kéint gemaach ginn.
En anert Beispill betrëfft d’Gestioun vun den natierleche Ressourcen a meteorologesch aussergewéinleche Phenomener. National gi wuel Miessungen erhuewen an Analysen souwéi Aktiounspläng ëmgesat. Den Austausch tëscht internationalen Experte gëtt och gefërdert an an Ausnamesituatiounen hëlleft eng Regioun respektiv ee Land dem aneren. Trotzdeem bleift et a ville Fäll beim politeschen Austausch tëscht Regiounen a Länner an Ofkommessen, déi ënnerschriwwe ginn. Mee et follegt keng intensiv Zesummenaarbecht op den Dossiere mat gemeinsame Budgeten, wéi konkret Objektiver a Resultater erreecht ginn. Dëst schéngt net wierklech gewollt a mécht op der hautdesdaags onsiichtbarer Grenz halt.
An enger globaler Welt, musse mer fir t'éischt mol mat eisen Nopere lokal a regional Léisunge fannen, fir da globalen Ziler entgéintzekommen. An dëst ouni Virurteeler, Wuesstems- a profitorientéiert Gedanken, mee am Sënn vun enger Verbesserung vum Liewensraum a Liewensqualitéit fir eis all.